„Bis bei d’Pensioun, dat ass nach e bëssen“, oder „wann ech bis d’Pensioun hunn da gëtt sech et gutt goe gelooss“, dat sinn déi Spréch déi een oft am Zesummenhang mat dësem neien Liewensofschnëtt héiert. En neie Liewensofschnëtt dat kléngt grouss a wichteg, an dat ass et och. D’Pensioun soll ee net einfach op di liicht Schëller huelen, well et ännert sech villes, Michèle Schons?

22042021 Gutt a Form - Endlech Pensioun

An am Prinzip soll et sech jo zum Gudde veränneren. Dofir ass et och wichteg dass een sech am Virfeld mat senger Pensioun ausenaner setzt.
Well dat Näischt maachen ass sécher flott vir e puer Deeg awer net vir ëmmer. An denkt och emol un äre Partner, deen eventuell nach schaffe geet, oder deen gewinnt war daagsiwwer eleng säin Alldag ze gestalten. Och vir deen ännert sech villes wann Dir an d’Pensioun gitt.
Wéi eng Froen kann ee sech am Virfeld vun der Pensioun stellen, Josy Holcher, Chargé de Direction vum Club Uelzechtdall:

- Wat si meng Hobbyen, meng Interessen?
- Wéi gesäit mäi Partner mäin Alldag? Wat kenne mer zum Beispill zesumme maachen oder nei opdeelen?
- A wéi wäit well ech mech nach engagéieren, an engem Veräin oder als Benevol?
- Kann ech mäi Wëssen a meng Fäegkeeten och a menger Pensioun nach asetzen oder weiderginn?
- Brauch ech villäicht nach Iddien a Beispiller vun aneren?

Wann een déi Froen vir sech beäntwert huet, dann huet ee schonn e Fundament geluecht vir den Iwwergang an d’Pensioun propper ze gestalten.
Et ass sécherlech och sënnvoll sech emol déi verschidde Programmer vun de Club Senior uechter d’Land unzekucken, an dann emol bei der enger oder anerer Aktivitéit matzemaachen. Sou kritt ee schonn en éischte Kontakt mat engem Austausch mat anere Leit, et kann een op Erfarungen zeréckgräifen, déi anerer scho virun engem gemaach hunn.

Och kann een déi virdru genannte Froen an engem Gespréich mat engem Mataarbechter vum Club Senior duerchdiskutéieren, well dann huet een direkt e konstruktiven Austausch an et mécht ee sech net eleng Gedanken. Virun allem kann een awer eng sëllegen Aktivitéiten entdecken, an och iwwert säin Aarbechtsliewen eraus dofir suergen dass ee nach weiderhin e gesond an ofwiesslungsräicht soziaalt Ëmfeld huet.

Well eis sozial Kontakter si wichteg, an änneren sech och soubal mir an d’Pensioun kommen. Verschiddener briechen ewech, anerer definéieren sech nei.
D’Aktivitéiten an de Clibb Senior sinn sou verschidden an ofwiesslungsräich, dass sécher vir jiddereen eppes dobäi ass, an jiddereen d’Méiglechkeet kritt gutt virbereet an d’Pensioun ze goen