Et gëtt si am gréngen am wäissen oder souguer mofen, si schmaache gekacht, an der Zalot oder gebroden an d'lescht Joer hu mir bal ee Moment gefaart et géife keng Spargele ginn. Zoue Grenzen, keng Hëllef vu baussen an d'Wieder spillt grad bei den empfindleche Planzen eng grouss Roll. Wéi war dat lescht Joer gaangen a kréie mir dëst Joer Spargelen? 

14/04/2021 Bei de Spargelen: Ginn et der dëst Joer?

Wann een déi lescht 4 Méint reng op d'Wieder zréckkuckt, dann hate mir 2021 schonn eigentlech vu bal allem. T-Shirt Wieder, Minusgraden, Schnéi, Reen, Knëppelsteng an Deeg wou d'Sonn iwwer Bierg an Dall geschéngt huet. Fir d'Spargelbaueren, wéi den Yves Hoffmann ass d'Wieder grad elo am Fréijoer wichteg, well d'Temperaturen hunn e groussen Afloss op d´Recolten.

Yves Hoffmann: Eng Spargel wiisst eréischt wa mir eng gewëssen Temperatur an eisem Spargelsdamm erreecht hunn, vun ënner circa 12 Grad. An ënnert deenen 12 Grad reagéiert d'Planz nach iwwerhaapt guer net. An esou bal et ufänkt iwwer déi 12 Grad ewechzegoen, do fänkt si da mol un ënne Knospen ze maachen. An da virun ze wuessen. An da kënne mir da soen, sou bal mir dann 12 Grad eng Kéier erreecht hunn, annerhallef Woch drop, zwou Wochen drop.

 

An da geet et ganz séier mat de Spargelen an d'Recolte ass vill Aarbecht. All Spargel gëtt nämlech mat der Hand erausgezunn, Maschinne kommen bis elo nach net an den Asaz. Ëmsou méi Hëllef brauch een, dofir ginn normalerweis extra Leit engagéiert. Déi kommen awer dacks aus dem Ausland an d'lescht Joer konnten déi net kommen. D'Grenze waren zou. 

Yves Hoffmann: D'lescht Joer war wierklech ganz turbulent, mir wossten net richteg, wéi geet et iwwerhaapt mat der Saison? Fanne mir Leit?A Gott säi Dank hu mir do wierklech eng ganz Partie Leit fonnt, déi super fein frëndlech waren, déi eis all Dag ëmmer zur Verfügung stoungen, déi eis iwwerhaapt mol konnten ufänken. Fir, dass mir iwwerhaapt mol den éischte Schrëtt konnte maachen an iwwerhaapt mol recoltéieren.

 

Dat ware ganz vill privat Leit a verschidde Veräiner, déi fir Ersatz gesuergt hunn. Dëst Joer wär dat awer net méi néideg. 

Yves Hoffmann: Bis elo ass just gesot ginn, d'Grenze wären op. D'Leit misste just en negativen Test matbréngen. A bis elo gesäit et net schlecht aus, dass mir si awer sollte kréien, sou wéi mir dat ëmmer gewinnt waren. Mee ebe just ënnert deenen normale Restriktioune wéi mir dat elo bei eis am Grand-Duché gewinnt sinn. Net méi wéi 4 Leit beieneen, d'Gruppe separat halen, eben ëmmer just Gruppe vu 4 Leit maachen. Si schaffen dann ëmmer just zu 4 an där Grupp, si wunnen zu 4 an där Grupp, a voilà. 

 

Un der Hëllef läit et dëst Joer also net. D'Recolte ka gemaach ginn, elo muss just nach d'Wieder matspillen.

Yves Hoffmann: Momentan ass Nuets ëmmer nach Frascht, fir d´Spargelen ass dat net optimal, mir hoffen awer op d'iwwernächst Woch, datt d'Temperaturen an d'Luucht ginn. Si melle jo mol, datt Wieder do vill besser soll ginn. Dass mir dann iergendwann s besser a Schwong géife kommen.