Seng Theorie beaflossen eis bis haut, well vill Techniken am Alldag ouni hien net sou funktionéiere géifen.Den Albert Einstein, deen de 14. Mäerz 1879 zu Ulm an Däitschland gebuer gouf, war e Genie.

Den Einstein huet e groussen Deel vu sengem Liewen domadder verbruecht fir Raum, Zäit, Matière an Energie ze erfuerschen. Mat senger Relativitéitstheorie konnt hien dem GPS zu méi Prezisioun verhëllefen an och dat theoretescht Grondgerüst fir déi ganz Atomphysik liwweren. Säi Wëssen huet net just bei de Solarzellen eppes bruecht, ma dass een Tëlee konnt kucken, Ufanks mam sougenannten 'Röhrenfernseher''.

Säi Studium hat hien um Polytechnikum vun der Züricher Technischen Hochschule fäerdeg gemaach mat engem Diplom als Schoulmeeschter fir Mathematik a Physik. Ma dëse Beruff huet him awer näischt gesot a sou huet hien beim Schwäizer Patentamt als technescher Préiwer geschafft a konnt sech do mat wëssenschaftleche Froen ausernee setzen, ënnert anerem mat Physiksgesetzer vun Isaac Newton an Albert Michelson.

1905 hat hie fir eng éischte Kéier iwwert d'Relativitéitstheorie geschriwwen, bekannt ënnert der Formel E = mc², also Energie (E) ass gläich der Masse (m) mol Liichtgeschwindegkeet héich zwee (²). An dëser huet den Einstein bewisen, dass Raum an Zäit mateneen zesummen hänken an huet domadder d'Welt revolutionéiert. Vill Wëssenschaftler vergläichen d'Wierkung vun där Theorie op d'Gesellschaft an d'Wëssenschaft haut mat deem vum Kopernikanesche Revirement, dat am fréie 16. Joerhonnert och d'Weltbild fir ëmmer verännert hat.

Den Einstein hat säin Dokter gemaach a konnt sech du ganz op seng wëssenschaftlech Karriär konzentréieren, ënnert anerem op der Uni zu Bern, dunn zu Zürech an als ausseruerdentleche Professer fir Theoretesch Physik goung et op Prag a Berlin. Do gouf hie Member vun der Akademie vun de Wëssenschaften a krut 1917 d'Leedung vum Kaiser-Wilhelm-Institut fir Physik iwwerdroen.

1932 ass den Albert Einstein mat senger Famill aus Däitschland wéinst de politeschen Entwécklunge fortgaangen an sollt och nom Krich net méi erëm kommen. Hien ass an den USA bliwwen an hat sech zu Princeton néier gelooss, wou hien um Institute for Advanced Studies gefuerscht huet. 

2 mol war den Einstein bestuet, mam Mileva Maric mat där hien 3 Kanner hat. A mam Elsa Löwenthal, senger Cousine.
Am Alter vu 76 Joer ass de weltbekannte Wëssenschaftler den 18. Abrëll 1955 gestuerwen, u bannescht Bluddungen, déi duerch en Anévrisme ausgeléist goufen.

1922 krut den Albert Einstein den Nobelpräis net fir seng allgemeng Relativitéitstheorie, mä fir seng Entdeckung vum Gesetz vum photoelektreschen Effet. An op der Gei konnt den Einstein sech richteg austoben. Mat 6 Joer huet hien ugefaange mat Spillen a wann eppes net gaangen ass wéi hie wollt oder hie konnt net schlofen, gouf einfach e bëssi Gei gespillt.