Wou gi mir den Owend eppes iessen? Et géif ee jo gären eppes ënnerhuelen, mee wat? Froen, déi sech déi meescht Leit sécher scho mol gestallt hunn. Move, de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique huet elo ee Guide erausbruecht, deen eng ganz Partie Restauranten, Aktivitéiten oder Geschäfter virschléit an dat ëmmer mam Fokus op déi Acteuren, déi fir Nohaltegkeet stinn. 

21/04/2021 Guide vun der Nohaltegkeet

De Guide gëtt et scho bësse méi laang, 2017 ass déi éischt Versioun erauskomm. Deemools als Depliant mat enger ganzer Partie Recommandatiounen, deen ass awer elo iwwerschafft ginn, an zwar digital. Dat huet och e gudde Grond wéi eis d'Natasha Lepage erzielt. Si ass ee vun de Jonke vu Move. Dat ass déi jonk Grupp vum Mouvement Ecologique. Natasha Lepage: 2017 hate mir amfong eng Kaart vun der Stad Lëtzebuerg, wou mir da verschidde Restauranten an och Geschäfter, déi méi nohalteg waren. hu mir do op der Kaart dann drageschriwwen. An do hu mir gesot, dass mir wéilten eng Digitaliséierung maachen, well mir wollten d'Kaart aktualiséieren. An do hu mir eis gesot, et wär vill méi accessibel wann et online wär. Mir hunn eng Website gemaach, déi dann an der Zukunft och dat ganzt Land kéint ofdecken an net just eng Stad.

Moveapproved.lu heescht d'Säit a spéider sollen nach aner Regiounen aus dem Land dobäi kommen. D'Zilgrupp si Jonker, mee och Touristen, amfong jiddereen deen d'Land an nei Ecker entdecke well. Dat ganzt ass a 5 verschidde Kategorien agedeelt: Iessen an Drénken, Aktivismus, Kultur, Moud an Fräizäitaktivitéiten.

Natasha Lepage: Mir hunn Artikelen, déi mir da selwer geschriwwen hunn iwwert dee Restaurant oder d'Geschäft dat mir dann do hunn. Do erkläre mir da bësse wat déi Plaz ass an et ass och direkt e Link dobäi fir Google maps. Dat heescht et ass zimmlech User-friendly, et géif ee ganz einfach déi Plaz fannen. Déi ganz Website ass och op Lëtzebuergesch an op Englesch.

Zum Deel schaffen si mat aneren Organisatiounen zesummen oder orientéieren sech un där Expertise. Am Beräich vun der Moud schaffen si zum Beispill mat der Fashion Revolution Luxembourg zesummen. Si hunn awer och eege Krittäre festgeluecht, déi een och op der Säit noliese kann.

Natasha Lepage: Net just nohalteg, mee et sinn och Plazen, déi mir gären hate vun deene verschiddene Kategorien. Wann ech elo kucke beim Iessen an Drénken, do hu mir Plazen dra geschriwwen, déi mir all flott fonnt hunn. An esou wollte mir si ënnerstëtzen, dass d'Leit dovunner Bescheed wëssen. Kloer, mir hunn och mat eise Krittäre misse kucken, dass déi och gestëmmt hunn.

Plazen, Organisatiounen, Restauranten oder Geschäfter, déi deene Jonk vun der Ëmweltorganisatioun Move besonnesch an d´Aen gestach sinn oder déi, déi selwer gesate Krittäre fir nohaltegen oder sozialen Engagement erfëllen, kréien dann de Stempel Moveapproved. An sinn dann op der Säit ze fannen.

An hei kommt dir op de Guide:

An et géif een sech och iwwert Feedback a nei Virschléi freeën.