De Seth Rogen als gréng Harespel.

En huet Millioune geierft an Owes geet hien op d'Juegd no Verbriecher. De Britt Reid, gespillt vum Seth Rogen, géing awer keng sou eng gutt Figur ouni de Kato, e chinesesche Butler, a seng Assistentin Lenore, gespillt vum Cameron Diaz, maachen. Oder besser gesot; e Béise wéi den Chudnofsky, gespillt vum Christoph Waltz, géing nëmmen iwwer d'Green Hornet laachen.

En Actionfilm mat vill Humor iwwer e Superheld deen et schonn an den 30er Joer um Radio gouf an 30 Joer méi spéit mam Bruce Lee op der Tëlee en enorme Succès gefeiert huet.

The Green Hornet um 20:15 op Kabel Eins.