An hutt dir haut da schonn eppes fir d'Ëmwelt gemaach? De Bus amplaz vum Auto, de Kaffi an der Taass amplaz am Becher oder beim Mëttegiessen op saisonal, regional gesat? Ech froen dat, wëll haut ass den Dag vun der Äerd, wou een sech nees méi bewosst mat eiser Ëmwelt ausernee setze soll. Deen Dag gëtt elo schonn zanter bësse méi wéi 50 Joer a gouf an de 1970er Jore vun enger Studentebeweegung an d'Liewe geruff. Mëttlerweil maachen 175 Länner mat an sou sollen all Joer bis zu 1 Milliard Mënschen erreecht ginn. Mir hunn d'Geleeënheet geholl an e puer Fakten iwwert de bloe Planéit gesammelt.

22/04/2021 Dag vun der Äerd

Eis Äerd ass zum Beispill voller Extremer. Ugefaange mat den Temperaturen, d'Antarktis huet déi niddregst Temperaturen, -98,6 Grad goufen do eng Kéier gemooss. Op der anerer Säit vum Thermometer läit d'Wüüst Dascht- e Lut am Iran. Do kënnen et schonn emol iwwer 70 Grad sinn. Mee och a Saachen Héichtemeter huet eis Äerd eppes ze bidden. Den déifste Punkt vun der Äerd ass och an der Antarktis mat 3.500 Meter ënnert dem Mieresspigel. Héich raus geet et um Mount Everest, dat ass bekannterweis jo deen héchste Bierg op der Welt mat 8.849 Meter iwwert dem Mieresspigel. An eis Äerd dréit sech jo och permanent an dat iwwregens mat enger Vitesse vun 107.280 Stonnekilometer. A soll Fuerscher no 4,6 Milliarde Joer al sinn an net manner wéi 6 Trilliarden Tonne weien.

Mee och d' Bewunner op der Äerd hunn e puer Saachen ze bidden.

Bleiwe mir bei de Superlativen, do géif ee jo vläicht denken, dass de Wal dat gréissten Déier op der Äerd wär. Dat stëmmt awer net, op d'mannst net nodeems Fuerscher e risege Pilz am Bundesstaat Oregon fonnt hunn, iwwer 800 Hektar ass deem säin Netzwierk grouss. Domadder wär dat dann och dat gréisste Liewewiesen op der Äerd. Eng aner, ech nennen et elo mol Mythe ass, déi gréisste Wanderung vu Mamendéieren. Vill Leit huelen un, dass et do d'Gnuen an Ostafrika sinn, déi all Joers e beschwéierleche Wee op sech huele fir tëscht Kenia an Tansania ze wanderen. Do si ronn 1,3 Milliounen Déiere betraff. Mee och Fluchhënn wanderen an do sinn 10 Millioune vun den Déiere concernéiert. Fluchhënn sinn ongeféier sou grouss wéi Kazen, hunn duerch Vampirfilmer vläicht net dee beschte Ruff, friessen virun allem Mangoen a si ganz harmlos. Déi gréisst Wanderung ass also an der Loft.

Op eiser Äerd ginn et vill Plazen, wann een dovunner héiert, mengt ee si kéimen aus engem Film, mee déi sinn d'Realitéit. Hielen sou grouss, dass ee Fliger dra passe géif mat engem eegene klenge Bësch bannendran, Waasserfäll ënner Waasser, e Floss am Peru mat kachendem Waasser. A Neiséiland gëtt et e Séi, wou d'Waasser sou kloer ass, dass ee 70 Meter wäit kucke kann, besser ass just distilléiert Waasser do gesäit een 80 Meter weit. Ech menge wien d'Aen ophält, kann dagdeeglech Naturspektakelen entdecken, och bei eis, dofir muss een net wäit fueren. Eis Äerd ass schonn ee faszinante Planéit an deen eenzegen, dee mir bis elo kennen, wou et sech gutt liewe léist. Well um Enn ass et jo och eist Doheem an zwar dat eenzegt wat mir hunn.

22/04/2021 Dag vun der Äerd CUT 3

Wou mir dann nees beim Dag vun der Äerd sinn, do ginn et dann och ganz dacks vill Aktivitéiten. 

Hei fannt dir dann och eng Kaart wou all déi Eventer opgelëscht sinn, déi am Kader vum Dag vun der Äerd organiséiert ginn.

Grad a Saachen Ëmweltschutz ass et jo awer dacks och esou, do hëlleft et scho wann jidderee wuertwiertlech e bësse viru senger Dier kiert.