Zanter de Prënz Philipp gestuerwen ass, froe sech vill Leit wat wuel geschéie wäert, wann et da fir d'Queen esou wäit ass. Mat hire 95 Joer vun dësem 21. Abrëll un, ass d'Kiniginn Elizabeth II. schliisslech net méi déi Jéngst, och wa si weiderhin gutt hire royalen Obligatiounen nogeet. En Zoustand, dee sech allerdéngs nom Verloscht vun hirem Mann, dee si ëmmer als hiren Halt bezeechent huet, séier verschlechtere kéint. Ma et schéngt wéi wa well alles prett wier, falls et da bis souwäit ass, Nicky Soisson.

21/04/2021 Wat geschitt wann d'Queen stierft

De Plang, wat ze maachen ass falls d'Queen stierwe sollt, ass a royale Kreesser als "Operation London Bridge" bekannt. Mam Code-Saz "London Bridge is down" soll d'Noriicht iwwert den Doud vun der Monarchin intern kommunizéiert ginn. Bis d'Noriicht vun hirem Doud an d'Ëffentlechkeet komme wäert sollen dann och well divers Ofleef geplangt sinn. Virausgesat si stierft net grad wärend engem ëffentlechen Optrëtt. Sou soll hire Privatsekretär de Premierminister (aktuell de Boris Johnson) informéieren, éier d'Noriicht un déi 15 aner Länner an deenen d'Queen regéiert sou wéi un déi aner 36 Commonwealth-Staaten weidergeet.

Fir dës Aufgab soll de "Foreign Office's Global Response Centre", deen op enger onbekannter Plaz zu London ass, zoustänneg sinn. Ma den Doud vun der Monarchin gëtt als éischt iwwert eng Nott virum Buckingham Palace ëffentlech gemaach. Duerno geet d'Nouvelle dann un d'Press. 10 Deeg no hirem Doud soll d'Staatsbegriefnes dann an der Westminster Abbey sinn. Deen Dag soll dann och en nationale Feierdag ginn, wann een dat dann esou nenne kann. De Big Ben wäert um 9 Auer zu hiren Éiere schloen an um 11 Auer soll d'Queen da bäigesat ginn.

Successeur ass jo bekanntlecherweis de Prënz Charles, deen da seng nei Roll als Kinnek untriede wäert. Fir hie wäert sech d'Liewe wuel am drasteschsten änneren.

Den aktuelle "Prince of Wales", aktuell och net méi ee vun deene Jéngste mat sengen 72 Joer, wäert direkt nom Doud vu senger Mamm Kinnek ginn. Säin Numm kann e sech da selwer eraussichen. A Groussbritannie wëllt d'Traditioun et dann och, dass den Nofollger den Titel den Dag nom Doud vun der Queen kritt an dat nodeems seng Gesëschter d'Prinzessin Anne, de Pënz Andrew an de Prënz Edward him zeremoniell d'Hand gekusst hunn.

Dono geet et fir dee frësch gebake Kinnek op d'Rees, an dat a Schottland, Nordirland a Wales.
Seng 1. Wierder als Kinnek wäert hien am St. James Palace schwätzen an dat obwuel d'Kréinungszeremonie wäert awer réischt e puer Méint méi spéit ofgehale ginn. Den Titel "Neie" Prince of Wales wäert dann iwwregens den eelste Jong, de Prënz William, kréien.

Wéi gesot, et schéngt alles bis an dee klengsten Detail geplangt ze sinn, elo heescht et just nach "ofwaarden an Téi drénken".