Dir fillt Iech dacks iwwerlaascht, ouni Energie a kommt knapps an d'Gäng? Vill Leit kloen iwwer Middegkeet a Grënn fir dat Gefill ginn et der eng Jett. D'Nicky Soisson huet sech op d'Sich no e puer typeschen Energiekiller gemaach a verréit eis wéi een déi evitéiere kann. 

21/04/2021 Energiekiller am Alldag evitéieren

Ugefaange beim Schlof: genuch Schlof ass wichteg fir sech daagsiwwer erhuelt ze fillen. Als Fauschtreegel gëllt: Wee sech daagsiwwer fit a leeschtungsfäeg fillt, huet genuch geschlof. Ma ze vill Schlof kann awer och midd maachen.
Ween zum Beispill Sonndes ze laang leie bleift, deen huet an der Nuecht op Méindes dacks Problemer mam Aschlofen well dee sougenannte "Schlofdrock" nach net grouss genuch ass. D'Konsequenz ass, dass een net gutt schléift an et fillt ee sech Méindes Moies geriedert. Versicht dofir Owes ëmmer zu der selwechter Zäit schlofen ze goen a Moies opzestoen. De Kierper stellt sech op dëse Rhythmus an. Äre Smartphone kann Iech iwwregens och un Är perséinlech Schlofenszäit erënneren an Iech soe wéini et Zäit gëtt an d'Heia ze goen.

Moies beim Kaffi Paangecher, eng Schmier mat Gebeess oder kënschtlech geséisste Müsli ginn dem Kierper, wéinst dem Zocker deen doranner ass, zwar Energie mee déi ass no e puer Stonne well fort an de Kierper fält an en Energiedéif.
Experte recommandéieren dowéinst op Liewensmëttel zréck ze gräifen déi de Kierper de ganze Moie mat Energie versuergen. Komplex Kuelenhydrater wéi ee se a Vollkarproduiten oder Huewerflacken fënnt, sinn do genee dat richtegt. Amplaz séisse Müsli kann een och Huewerbräi uréieren a mat Uebst verfeineren. Eng gutt Alternative zu der Gebeesseschmier ass en Toast aus Vollkar mat Ee oder Kéis. Bei industrielle Müslismëschungen sollt een op den Zockergehalt oppassen an déi verschidde Produiten am Supermarché matenaner vergläichen.

Dono geet et dann dacks virun de Computer. Ma och hei verstoppt sech eng Middegkeetsfal, well wa mir ze laang an enger Positioun bleiwen, signaliséiere mir domat eisem Kierper, dass en zur Rou komme kann.
Owes um Kannapee ass dat zwar eng gutt Saach, an den Aarbechtsstonnen awer éischter suboptimal. Ënnerbriecht deemno längert Sëtzen. Geeschtert e bëssi duerch de Büro, streckt Iech oder baut Iech vläicht an der Mëttegstonn eng kuerz Yoga-Session an. Alles u Beweegung léisst Iech besser duerch den Dag kommen.

Fir sech daagsiwwer e bëssi opzeputschen, gräift een jo och nawell gäre mol op Energy Drinks zréck. Ma an deene fënnt ee vill Koffein a virun allem ganz vill Zocker. Déi 2 Saachen zesumme kënnen de Kreeslaf zwar fir eng kuerz Zäit ureegen, ma op laang Dauer gesinn, gëtt een dovunner nach méi midd. Der brittescher Gesondheetsautoritéit no mécht ze vill Koffein reizbar, erhéicht de Bluttdrock a ka sech negativ op de Schlof auswierken.

Deemno heescht et, fir e gudde Schlof, drop opzepassen net ze vill däers Koffein zou sech ze huelen: net méi wéi 400 Milligramm pro Dag fir eng erwuesse Persoun. Dat entsprécht ongeféier 4 Tase Filterkaffi. Eng Béchs Energy Drink vun 250 Milliliter bréngt et op 80 Milligramm Koffein.

Wann Dir dës puer Tipps scho mol ëmsetzt, fillt Dir Iech bestëmmt well daagsiwwer manner midd. Natierlech ka sech awer och eppes hannert Ärer Middegkeet verstoppen. Sollt dës trotz enger gudder Liewenshygiene iwwert laang Dauer unhalen, féiert de Wee wuel net laanscht den Dokter.