Et gëtt Planzen déi verbreeden sech wéi e Laffeier wann een net oppasst. Déi wuessen engem quasi iwwer de Kapp ouni dass ee sech vill drëms bekëmmere muss. Dat heescht och ouni ze düngen an ze nätzen sichen déi sech ëmmer méi Plaz am Gaart. De Jeannot Lacour mécht haut kuerzen Prozess mam Hammbier. 

Hammbier, tip top wann een dat am Gaart stoen huet. Et muss een et awer iergendwou stoen hunn wou et sech net ze vill ausbreede kann. Well och d'Hammbier mécht ënnerierdesch Soom, dat heescht se verbreet sech ënnerierdesch. Dat éischt Joer setzt een d'Planz an de Buedem da steet dat do, an da fänkt et un. Dat zweet Joer komme schonn iwwerall Schëss riets a lénks eraus, an dat geet sou weider. Wat méi Joren, wat méi Schëss kommen. Dat gëtt e richtegen Bësch. Dee kann an der Wiss erauskommen, dee kann iwwerall eraus kommen.

20-04-2021 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Hammbier

Genee wéi de Bambus, ass also och Hammbier op der Lëscht vun deene Planzen déi keng Limitten kennen, an t'geet nach weider well och "Peffermënz" fält an dës Kategorie.

Wann ech Peffermënz an engem Back halen oder an engem Blummendëppen halen ass kee Problem. T'kann jo net duerch d'Blummendëppen erausgoen, mä wann ech Peffermënz an de Gaart setzen, dee verbreet sech sou séier, a gëtt ëmmer méi grouss an ëmmer méi breet, dass ech en herno net méi ënner Kontroll halen. Wann ech duerno mam Spuet wëll erakommen ass dat därmoossen verflecht, déi Wuerzelen, wat immens schwéier ass a mat vill Aarbecht verbonnen, fir Peffermënz do eraus ze kréien, dofir och ganz gutt oppassen mam Peffermënz. Villäicht an engem Back halen, vläicht an engem Blummendëppen halen, do ass ee vill méi roueg.

20-04-2021 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Peffermënz