D'Fréijoer ass déi Zäit wou d'Natur nees aus dem Wanterschlof erwächt. Dat gesäit een un de ville Blumme, Planzen an de Beem déi neit Laf kréien. Et schwätzt een awer och dervunner, dass een elo d'Fréijoersgefiller nees ze spieren kritt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth kënnt haut och net laanscht dësen Thema.

22/04/2021 Déierentipp: Misär mat der Kuederegkeet

Eng iwwermidd a genervte Madamm rifft an der Praxis un: hier zwou siamesesch Kazen Lilly a Nelly hätten e Problem. Si géifen elo schonn e puer Nuechten riichtduerch esou komesch an immens haart jäizen, et krit ee keen A méi zou an d´Nopere géifen och scho komesch kucken. Virun allem well dat net déi éischte Kéier wier, dass si sech op déi Manéier fir e puer Woche produzéiere géifen. Am Dag wieren d´Missen elo och nervös a granzeg. An des lescht, hätte si elo nach dermat ugefaange, iwwerall am  Haus Pippi ze maachen. Nodeems aus dem Gespréich och kloer gouf, dass d´Déieren net steriliséiert waren, stoung fier eemol schonn um Telefon d´Diagnos fest: d´Lilly an d´Nelly ware kuedereg, an dat- grad mam Temperament vu siamesche Kazen- net ze knapps!

22-04-2021 Deierentipp - Romi Roth Kuederegkeet

Gëtt et da keng Pëll oder Piqûre fir géint déi Kuederegkeet, well net jiddereen léisst seng Kaz gären operéieren.

Et gëtt effektiv och eng Zort Antibaby-Medezin fir Kazen. Leider féiert de Gebrauch vun deene Hormon-Medikamenter bei der Kaz, fir déi deen hormonelle Modell à l´origine jo guer net gemënzt war, bal an all Fall zu ganz schwéiere Komplikatiounen, vun deenen eng eetreg Gebärmutterentzündung nach déi harmloost ass. D´Kastratioun ass a bleift déi bescht Method fir bei der Kaz esouwuel d´Kuederegkeet wéi och de Nowuess ze verhënneren. A wéi leider net esou rar Fäll beweisen, wou een enger weiblecher Kaz déi sou genannt Komfort-OP erspuere wollt an déi du schwéier kriibskrank gouf, och déi eenzeg richteg.

D´Nelly an d´Lilly sinn dunn séier kastréiert ginn a waren no enger Therapie géint hier Blosereizung duerch déi laang Kuederegkeet, no e puer Wochen och erëm ganz propper am Haus.

22-04-2021 Deierentipp - Romi Roth Antibabymedezin fir Kazen