Sing meinen Song geet an déi 8. Staffel.

Dës Kéier moderéiert de Johannes Oerding deen nach bei der leschter Staffel matgesongen huet. Deen éischten Artist deem seng Lidder vun anere Kënschtler interpretéiert ginn ass den DJ Bobo. Haut dierf ee sech dann op d'Versioune vum Ian Hooper, Gentleman, Nura, Joris a Stefanie Heinzmann freeën. An domat wier dann also och de komplette Line-Up vun der 8. Staffel Sing meinen Song - Das Tauschkonzert bekannt. Dat ganzt wéi gewinnt op Vox, um 20:15 geet et lass.