De mëllen Arabica-Kaffi ass vum Klimawandel bedrot an déi bis viru kuerzem eenzeg Alternative war de Robusta Kaffi, deen awer méi batter schmaacht an dowéinst och manner beléift ass. Ma elo schéngt et wéi wann een eng wëll Planzenaart entdeckt hätt, déi genee sou gutt schmaacht an och nach méi resistent géint d'Hëtzt wéi den Arabica ass, Nicky Soisson.

22/004/2021 Eng nei Aart soll de Kaffi virum Klimawandel retten

Coffea stenophylla - esou den Numm vun enger bal ausgestuerwener Kusinn vun der Kaffisplanz, déi wéi héichwäertege Kaffi aus Arabica schmaacht. Dës Zort gouf nach virun ongeféier engem Joerhonnert am Sierra Leone ugebaut an hat deemools de Ruff sou gutt ze schmaache wéi de Klassiker. Onglécklecherweis huet den Arabica awer déi Zort verdriwwen. De grousse Virdeel: dës Planz kéint d'Gedrénks virun der méiglecher Klimakris retten. De Problem fir den Arabica ass deen, dass verschiddene Klimamodeller no, sech d'Ubaufläch vun dëser Planz bis Enn vun dësem Joerhonnert ëm bal d'Hallschent reduzéiere soll.

Dofir siche Fachleit zanter enger Zäitche no engem Auswee aus der Klima-Kaffi-Kris, déi eis bedrot. A si hoffen ënnert deene wëllen Aarten, déi Famill mam Arabica sinn, eng Zort ze fannen, déi ënnert den erwaarten, zukünftege Konditioune blitt a sou mëll ass wéi den aktuell meescht beléifte Kaffi.

2018 hu Leit vum Fach am Sierre Leone déi wëll Planz Stenophylla an hirem ursprénglechen Ubaugebitt entdeckt. Si hu Boune matgeholl, déi si gereechert hunn an direkt un e puer Echantillonen vu Leit ze schmaache ginn hunn. Dës ware sech eens, dass de Goût deem vum beschten Arabica aus Ethiopien zimmlech no wier an dat déi 2 Zorten änlech Quantitéite vun den typeschen Aromastoffer Kahweol an Trigonellin opweisen.

Donieft huet déi selwecht Aarbechtsgrupp och d'Klimapreferenze vum Coffea stenophylla analyséiert. D'Donnéeë sinn zwar nach immens onsécher well d'Verbreedung vun dëser Planz kleng ass, ma et schéngt wéi wann dës Zort bei méi héijen Temperature (méi wéi 6 Grad) wiisst, wéi säi grousse Konkurrent. En plus verdréit dës Aart wuel och gréisser Quantitéiten u Reen, wat ee vun deenen aneren net behaapte kann. Ma de grousse Virdeel ass awer och, dass de Stenophylla sech gutt mat deenen anere kräize léisst.

Domat kéint dann eventuell eise gudde Kaffi, dee fir vill Leit net ewech ze denken ass, och nach am nächste Joerhonnert op de Kaffisdësch kommen.