Fake News a Verschwierungstheorien – Demokratie um Préifstand!

Net nëmmen an Zäite vu COVID-19 zirkuléieren ëmmer rëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwierungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Sie wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden.

Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwierungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hunn se op d’Meenungsbildung an op d’Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen?

Dës Debatt ass am Kader vun der Serie “Fake News” am TRIFOLION zu Iechternach a Kooperatioun mat der Zäitschrëft forum an invitéiert Iech iwwer d'Thema Fake News an d'Roll vun de Medien am digitalen Zäitalter mat Experten aus der Politik an de Medien ze diskutéieren dat ganzt am Kader vum World Press Freedom Day, den Entrée ass gratis an et geet um 19:30 lass.