Elo schonn denken déi meescht vun eis un d'Acrèmen, d'Sonn ass och elo am Fréijoer scho staark. Ma net nëmmen u seng Haut sollt een denken, och u seng Aen. Déi wëlle genee esou geschützt ginn.

26/04/2021 D'Coryse freet no - E Sonnebrand an den Aen (De Reportage vum Radio)

Intensiv ultraviolett Stralen kënnen se schiedegen, d'Bindehaut an d'Hornhaut si betraff an et kann zu Verbrennunge kommen. D'Aen dinn da wéi, brennen a si liichtempfindlech. Dem Ophtalmolog no, lafen d'Aen och an et kann ee se net opbehalen. Den Dr. Marc Theischen:

Ewéi de Sonnebrand an den Aen behandelt gëtt

"Dat ass allerdéngs net esou dramatesch well meeschtens no engem Dag ass et dann och nees gutt an et bleift och kee Schued zeréck, normalerweis. Déi ganz Heelung kann een dann och duerch Drëpsen oder Sallefen ënnerstëtzen. Wichteg ass awer och nach ze soen, dass chronesch Expositioun mat UV d'Aen och dauerhaft schiedege kann, dass Laangzäitschied kënnen entstoen, dass Alterungsprozesser un den Aen kënne begënschtegt ginn."

RTL

© Pixabay

Esou ass erausfonnt ginn, dass Leit déi vill ongeschützt an der Sonn dobausse schaffen, zum Beispill méi Alterskrankheeten un der Netzhaut kënne kréien. Un den Aen kënnen och béisaarteg Tumeuren entstoen...

Kann et Kriibs am Aen ginn?

"Dëst besonnesch un der Bindehaut oder un der Netzhaut an hei besonnesch un der Schicht ënnendrënner, der Aderhaut. Dobäi handelt et sech och ëm d'Melanomen, wéi ee se zum Beispill vun der Haut hier kennt. Allerdéngs ass bei den Aen den Zesummenhang mat der UV-Expositioun net honnertprozenteg nogewisen. Et kann awer och net ausgeschloss ginn, dass eng chronesch ultraviolett Expositioun esou Tumeuren am Aen ka begënschtegen."

Wann een e gudde Sonnebrëll keeft, da kann een dovunner ausgoen dass deen e gudden UV-Schutz huet. Bei der Téinung sollt een oppassen dass de Brëll op mannst 70% Liichtabsorptioun huet.

RTL

© Pixabay

Den Ophtalmolog iwwer de richtege Sonnebrëll

"Bei der Faarf vum Sonnebrëll sollt een éischter brong gro oder eventuell gréng huelen. Blo recommandéieren ech net onbedéngt, well do dat kuerzwellegt energetescht Bloliicht méi duerchgelooss gëtt an doduercher awer Altersverännerunge kënne begënschtegt ginn. Wann ee lo Kanner huet, déi nach ganz kleng sinn, a kee Sonnebrëll kënnen oder wëllen undoen, soll  een hinnen op alle Fall eng Kap oder en Hutt opdoen."

Wichteg ass dass d'Sonneliicht net direkt an d'Aen drafält. Dat mat der Kap a mam Hutt gëllt iwwregens och fir Erwuessener wann ee net grad e Sonnebrëll bei Hand huet.