Eltere stinn hautdesdaags viru Froe wéi: Wéi vill Bildschiermzäit ass ok fir meng Kanner? Wéi kréien ech déi Zäit geréiert? Wéini maachen eege Bildschiermer Sënn? Mir hunn zwou betraffe Famille begleet a bei Experten nogefrot.

26/04/2021 Kanner a Bildschiermer

Wéi mir opgewuess sinn, war et villäicht d’Tëlee, méi spéit de Computer, d’Konsol oder de Gameboy, déi mam klassesche Spille konkurréiert hunn. Kanner vun haut wuessen an enger Welt op, aus der Bildschiermer net méi ewechzedenke sinn. Dat stellt d’Eltere virun eng ganz Rei vu Froen: Wat ass de richtegen Alter fir Mediennotzung, wéi geréieren ech mengem Kand seng Bildschiermzäit a wéi eng Notzungsdauer ass ok? D’Sally Stephany ass Psychologin beim Kanner-Jugendtelefon an erkläert, dass et op dës Froe leider keng pauschal richteg Äntwert gëtt. Fakt wier awer, dass d’Mediennotzung ëmmer méi fréi eng Roll spillt an och eege Geräter an ëmmer méi jonkem Alter scho verbreet sinn.

26/04/2021 TV Teaser CUT 1

Méi relevant wéi d’Fro nom richtegen Alter oder enger gewësser Minuttenzuel pro Dag wär et, ze wëssen, wat fir Inhalter d’Kanner konsomméieren. Hei wär et wichteg, dass d’Elteren sech aktiv domat auserneen setzen an agräifen, wann dës Inhalter net altersgeméiss sinn. Zousätzlech bidde vill Geräter a Plattformen d’Optioun vun engem Kannermodus, wou just adaptéiert Inhalter fräigeschalt sinn. D’Famill Wolf huet e Jong vu 7 an e Meedche vu 14 Joer. D’Kanner sinn an hirer Mediennotzung relativ eegestänneg, ma d’Eltere leeë vill Wäert op d’Iwwerwaachung vun dem, wat hir Kanner maachen.

26/04/2021 TV Teaser CUT 2

Esou Tools wären zwar praktesch, ma et wär wichteg ze betounen, dass se net als Ersatz vun der Medienerzéiung gesi ginn, mä just eng Ergänzung duerstellen. D’Barbara Gorges-Wagner, chargée de direction vum Kanner-Jugendtelefon recommandéiert dës Optioun dofir ëmmer just mat Virsiicht, och fir d’Privatsphär vum Kand oder Jugendlechen ze schützen.

26/04/2021 TV Teaser CUT 3

Weider Informatiounen zum Sujet vu Kanner a Bildschiermnotzung ginn et den Owend um 19 Auer am Magazin, do kënnt Dir Iech dann de ganze Reportage ukucken.