Ob gréng oder wäiss: Spargele si gesond. Leider hu se e Nieweneffekt: wa mer dono op d'Toilette ginn, bemierke mer deen typesche Geroch. Dee kënnt awer net bei jidderengem vir.

28/04/2021 D'Coryse freet no - Spargelen (De Reportage vum Radio)

D'Spargelen gehéieren ewéi d'Ënnen, de Knuewelek an d'Porretten, zu der Famill vun de Spargelaartegen. Se hunn eng ganz besonnesch Struktur, Dr Nico Haas. Se si gesond,  mä net fir jiddereen.

Spargelen hu wéineg Kalorien a vill Potassium

"Se hunn éischtens ganz wéineg Kilokalorien, 100 Gramm hunn ongeféier 20 Kcal, a se hu ganz vill Vitaminnen a Mineralien dran a ganz vill Potassium. Dat heescht, déi Leit déi eng Niereninsuffizenz hunn, mussen oppassen wa se Spargelen iessen. Et sinn och Stoffer dran, déi an Harnsaier verwandelt ginn an doduercher kann een dann den Zipperlein kréien oder Nieresteng."

RTL

© Pixabay

Donieft muss een och vill Waasser loossen nodeems ee Spargele giess huet. An de Pippi huet dann och dee typesche Geroch. Firwat eigentlech?

De Schwiefel mécht de Geroch

"Well do Substanzen dra sinn, déi geschwiefelt sinn. Dat gëtt ofgebaut am Kierper an da richt dat no Schwiefel, dat ass dann de besonnesche Geroch vun de Spargelen. Awer net jiddwereen richt dat: éischtens ginn et Leit, déi hu kee Riechorgan fir dat ze maachen, et gëtt och Leit, déi produzéieren dat net."

RTL

© Pixabay

Deene Persounen feelt en Enzym, fir dee Produit ze degradéieren. Wëssenschaftler no ass d'Zesummesetzung änlech ewéi de Sekret bei de Sténkdéieren. Den Daarm profitéiert och vum Geméis, well Inulin dran ass:

Den Daarm gëtt stimuléiert

"Dee gehéiert zu de Probiotika an dat stimuléiert d'Wuesse vun deene gudde Bakterien. Et ass vill Zellulos dran, dat heescht en hëlleft gutt (grouss) op d'Toilette ze goen. Natierlech muss een oppassen wat fir eng Zooss een dobäi mécht."