An der Fashion-Branche huet d'Digitaliséierung bis ewell E-Commerce an Instagram geheescht. Mee dat wäert sech anscheinend änneren. Mat direkt e puer Strategie wëllen nei Marke mat virtueller Moud Milliarde verdéngen. Grond genuch där Saach mol op de Fong ze goen, Nicky Soisson.

27/04/2021 Virtuell Moud

Mat virtuelle Sneaker léisst sech anscheinend op mannst genee sou gutt Sue verdénge wéi mat richtege Schong. Viru kuerzem huet effektiv e Krypto-Kënschtler an nëmme 6 Minutten där Turnschlappe fir ganzer 3,1 Milliounen Dollar verkaf!

An enger Welt wou effektiv ëmmer méi op digital gesat gëtt an d'Pandemie noutgedrongen hire groussen Deel dozou bäigedroen huet, hu Videokonferenzen d'Geschäftsreesen an aner Reunioune well laang ersat. Den E-Commerce boomt mat de Butteker, déi ëmmer nees op an zou ginn an déi sozial Medien erlaben engem et weiderhin a Kontakt mat senge Léifsten ze bleiwe wann ee se dann net ka gesinn. Bis dohinner souwäit nach alles an der Rei an d'Virdeeler liichten engem jo och nach iergendwéi an.

Ma elo kënnt awer de Clou: virtuell Moud!  Ween elo un E-Commerce denkt, brauch en Update. Gemengt ass hei vill méi reegelrecht digital Moud, also Kleeder an Accessoiren, déi ni eng Bitzmaschinn gesinn hunn! D'Pionéier vun digitaler Moud gesinn eng grouss Zukunft an Insider gleewen, dass d'Moudebranche an deenen nächste Joren all 2. Euro mat esou Kleedungsstécker verdéngt.

Kléngt nawell zimmlech irreell, an dat ass et och! Digital Moud hänkt deemno net an eisem Kleederschaf am Schlofzëmmer. Dass dat scho mol kloer ass, dat heescht mir dinn eis och net am wierkleche Liewen domat un. Ma firwat da Sue fir eppes ausginn, an net ze knapps, fir eppes wat et nëmmen um Bildschierm gëtt?

Influencer wësse firwat. De Virdeel vu sou digitaler Moud ass, dass ee kee grousse Kleederschaf brauch a fir e klenge Selfie op Instagram a Co ëmmer dat richtegt Stéck bei Hand huet. Vum Jogging an eng schick Owestenue an dat ouni groussen Opwand? Kee Problem, vive déi nei Technologien - e Klick geet duer. Ma wie sech haut digital akleede wëll, dee brauch allerdéngs entweder e gudde Batz Suen oder ganz vill Courage. Well d'Offer besteet op där enger Säit aus exklusive Stécker, déi gäre genuch direkt e puer Dausend Euro kaschten an op där anerer Säit aus bezuelbaren Alternativen déi awer nawell zimmlech extravagant sinn.

Wann et ëm Digital Fashion geet, déi den Numm "Moud" verdéngt, handelt et sech aktuell an éischter Linn also ëm Sammlerobjeten oder avantgardistesch Haute-Couture. Allerdéngs testen Händler d'Potential vun digitaler Alldags-Moud.

D'Moudebranche wäert hier Milliarden an Zukunft nämlech net méi mat Manager verdéngen, déi hire Frust iwwer annuléiert Geschäftsreesen mam Kaf vun digitale Kleeder fir den nächste Zoom-Meeting kompenséieren, mä mat enger Generatioun fir déi et haut well normal ass a Computerspiller richteg Sue fir virtuell Objeten oder "Skins" auszeginn.
Wou déi etabléiert Marken nach zécken, di sech fir Newcomer nei Nischen op. Effektiv hu sech an de vergaangene Méint direkt e puer Player an de Virdergrond gedirängelt, déi mat hire Marken nei Weeër aschloen, mat onerwaarte Produite kommen a wësse wéi se begeeschtere kënnen.

Also vläicht e gudden Tool fir sech bekannt ze maachen an sech dono och an der reeller Welt ze etabléieren!