Elo mat deene éischte schéine Fréijoersdeeg gëtt net nëmmen de Balcon oder de Gaart op déi waarm Summerméint preparéiert, och den Auto heescht et prett fir déi flott Méint am Joer ze maachen. Nieft enger grëndlecher Autoswäsch fir d'Salz an de Knascht lass ze ginn, gehéiert och de Pneuewiessel fir vill Leit dozou. Nicky Soisson.

27042021 Wei ass et mat Aere Summerpneuen

All Weather Pneue ginn zwar an eise Géigenden ëmmer méi beléift wéinst deenen net all ze haarde Wanterméint, an awer schwiere nach vill Leit op déi traditionell Wanter- a Summerpneuen. Iwwerdeems déi eng de Pneuewiessel léiwer hirem Garage oder Händler iwwerloossen, ginn et awer och nach eng Rutsch Leit déi dat selwer maachen. An deem Fall gëllt et awer op verschidde Saachen opzepassen, Frank Maas, Responsabel vum Diagnostic Center vum Automobil Club:

"Also u sech soll een als 1. Mol kucken ob d'Pneuen déi een drop mécht net beschiedegt sinn. Dann natierlech och de Profil kucken ob genuch drop ass. A beim Profil soll een oppassen, dass wann een d'Pneue montéiert, déi gutt ëmmer op déi hënnescht Achs mécht an da soll een natierlech och kucken ob de Pneu net ze al ass, dat heescht do steet e Fabrikatiounsdatum um Pneu drop an da soll een eben drop oppassen, dass en eben net onbedéngt méi wéi 5-6 Joer al ass.

Ma och d'Unzéie vun de Pneue well geléiert sinn.

Beim Unzéie vun de Rieder soll een dat mat engem Dréimomentschlëssel maachen fir d'Rieder halt mat der richteger Kraaft unzezéien an dono soll een och de Pneuendrock eng Kéier kontrolléieren a richteg upassen."

Falls op Äre Summerpneuen "Outside" sollt dropstoen, da muss ee beim Montage och drop oppassen, dass déi Säit eben no bausse kuckt. Dacks kënnt et awer och vir, an dat mierkt een da spéitstens mol gäre beim Wiessel, dass d'Pneuen net gläichméisseg oflafen:
"Bei de Pneue muss ee wierklech kucke wéi se um Profil oflafen, dat heescht do ginn et verschidden Zenarien. Ganz vill Pneue lafen zum Beispill bannen a baussen of, dat ass dann en Zeechen dass net genuch Loftdrock dra war. Ëmgedréint ass et esou, wa se méi an der Mëtt ofgenotzt sinn, da war de Loftdrock halt ze héich. Oder, wat nach virkënnt, dat ass, dass se eesäiteg oflafen, just bannen oder just baussen, an dat ass zréckzeféieren op eng Radgeometrie déi halt net méi ganz gutt agestallt ass an déi da muss corrigéiert ginn."


Sollt dat da de Fall bei Äre Pneue sinn, dann ass et wichteg déi Geometrie mat gudde Pneue nokucken ze loossen, also Pneuen déi ganz gläichméisseg ofgelaf sinn oder idealerweis souguer mat neien.
Wann ee seng Summerschlappen da bis um Auto huet, dann heescht et d'Wanterpneuen fir d'éischt mol ze botze fir se vum Salz a Knascht vun de Wanterméint ze befreien. Réischt dono soll ee se dann op d'Säit leeën. Wichteg dobäi ass awer, dass déi Plaz wou se gelagert ginn éischter däischter ass an dass et net ze fiicht ass. Et soll ee se awer och net bei d'Heizung leeë well se do éischter sprock ginn.

Dann hänkt d'Aart a Weis vum stockéieren awer och dovunner of ob d'Pneuen op de Felge sinn oder net:
"Déi wou keng Felgen drop sinn, déi soll een u sech stellen an dann no enger gewëssener Zäit e bëssi dréinen an déi Pneuen déi op de Felge sinn, do soll ee se u sech soit openee leeën oder op sou e Bam oder et kritt een och sou extra Supporte fir un d'Mauer wou ee se kann drun hänken."