Zu Lëtzebuerg ginn et eng 13.726 Leit déi Blutt spenden. Alleng am leschte Joer sinn der 2091 derbäi komm. Elo kéint ee mengen dass dat largement duergeet fir dass zu all Ament genuch Bluttkonserven disponibel sinn. Dat ass awer net ëmmer de Fall.

28/04/2021 Nidderege Stock u Bluttproduiten

Den Ament wier een nämlech ënnert dem Seuil vum Stock u Bluttproduiten bei deenen ee gär wier.

Dat heescht: et gëtt e Minimum deen ee muss hunn fir dass d'Versuergung hei am Land sécher gestallt ass. An do ass een elo eben drënner. Duerfir wier et grad elo fir d'Spender wichteg op den Appel ze reagéieren a Blutt spenden ze goen.

Firwat ass de Stock da grad elo esou niddreg? D'Dr. Andrée Heinricy vum Transfusiounszentrum erkläert.

"Mir kennen dat vun deenen anere Joren well da ganz dacks an dëser Saison nach ëmmer grippal Infekter sinn an natierlech well d'Leit an d'Vakanz fueren, normalerweis misst dat dëst Joer mat eiser spezieller Situatioun net de Fall sinn, mä mir mierken awer trotzdem, dass d'Reponse net grad esou ass wéi mer dat gären hätten a méi mer dat och am ganze leschte Joer elo gewinnt waren."

Spender déi eng Invitatioun kréien fir e speziellen Dag, dann awer net kënnen, mussen natierlech net op deem Dag goen.

"Jiddereen ka ronderëm deen Datum esou kommen wéi et hien am beschten arrangéiert an dat esouwuel hei an d'Stad wou mer déi ganz Woch vu méindes bis freides op hunn oder och op eng vun eisen Auswäertskollekten wou een den Tableau um Internet fënnt wéini mer wou sinn. Do brauch ee sech net extra unzemellen, einfach op eis Invitatioun reagéieren, egal wéi en Dag oder lieu de collecte"

Wann ee Blutt spende geet ass et wichteg gutt ausgerout ze sinn, an am Virfeld eppes giess a genuch gedronk ze hunn.

100-120 Donen den Dag gi gebraucht am eenzegen Transfusiounszentrum zu Lëtzebuerg.

"Dat heescht dat ass relativ vill wann een dat esou kuckt an duerfir muss wierklech och 120 Leit sech deplacéieren fir da wierklech deen Don, dee Geste ze maachen, mä deen hëlleft fir Liewen ze retten. Nieft de Covid-Krankheeten sinn och nach ganz vill aner Leit déi hospitaliséiert sinn a grad déi Leit brauchen och Blutt. Da ka si bei Operatiounen, Accidenter, awer och bei ville chronesche Krankheeten, Kriibstherapien wou einfach Blutt oder Bluttproduite gebracuht gëtt. Do ass et eben wichteg dass mer regelméisseg Spenden hunn, well dat Blutt hält sech net esou laang."

Huet een e Rendezvous fir Blutt spenden ze goen kann do natierlech och eng Covid-Impfung dertëscht kommen. Nachemol d' Dr. Andrée Heinricy

"Eis Kritären sinn 7 Deeg ze waarden no der Impfung, ëmmer virausgesat et mécht ee keng Reaktioun op d'Impfung, am Zweifelsfall kann een awer ëmmer eise Service Gestion des Donneurs kontaktéieren well dat kann och variéieren duerch déi verschidden Impfstoffer."

Remarquabel wier grad dat lescht Joer gewiescht,  dat hätt engem erlaabt duerch d'Ënnerstëtzung vun de Leit gutt duerch d'Zäit vun der Kris ze kommen.

"Grad elo och an der Zäit vum Mois du Don, et ass eben fir de Rappel ze maachen dass mer och op Blutt spenden ugewise sinn."

Duerfir wier et ëmsou méi wichteg op den Appel ze reagéieren an natierlech kann ee sech och als neie Spender aschreiwen.