D'ganz Woch iwwer huet Luxair an RTL um Radio an op der Tëlee Reese verspillt, fir einfach emol Merci ze soen. Et wollt een deene Leit eppes zeréck ginn, déi während der Corona-Zäit sech massiv fir anerer engagéiert hunn. Eng 1000 Nominatioune krute mir an deene leschte Wochen erageschéckt an des Woch hu mer, eleng um Radio, 10 Leit an d'Vakanz geschéckt. Elo dréine mer de Spiiss awer ëm a Luxair wëll nach enger Persoun Merci soen, dat well si beim Gewënnspill matgemaach huet an un en anere geduecht huet, déi se eben op rtl.lu nominéiert huet. De Loïc Juchem war dofir op der Sich nom Nadia Erpelding vu Kënzeg.

08052021 Letzebuerg seet Merci zu Kenzeg

Fir d'Nadia a seng Frëndin geet et also an d'Vakanz. Méi genee an de Royal Hideaway Sancti Petri a Spuenien op der Costa de la Luz. RTL a Luxair wënschen eng schéi Vakanz a soe MERCI fir déi sëllegen Nominatiounen, déi an de leschte Woche bei eis erakomm sinn.

RTL