T-shirten, Tasen, Blummen, Dëppen an deenen 10 Ateliere vun der Fondatioun gëtt vill produzéiert. Am Ganze schaffen eng 300 Mataarbechter fir d'Fondatioun Kräizbierg 105 dovunner si Salariéë mat engem Handicap. 

11/05/2021 Um Kräizbierg: Op Besuch an den Atelieren

An den 1970er Jore gouf et nach net vill Perspektive fir jonk Beruffsufänger mat engem Handicap. Dofir gouf d'Fondatioun Kräizbierg gegrënnt. Deemools war et nach eng Ligue. Den aktuellen Direkter vun den Atelieren, Vito Savino erkläert wéi et zu der Grënnung komm ass.Vito Savino: An du koum d'Iddi vum deemolegen Direkter vum Infirmes Moteurs Cérébraux (IMC) mam Dr. Henri Metz, deen Neurologe war an engem Papp, deen e Kand mat Handicap huet. Déi hunn sech gesot, mir mussen do eppes maache fir Beruffsausbildung vun de Kanner fir, dass si no der Scolaritéit sech och kënne weiderbilden an sech dann och an der Gesellschaft kënnen integréieren.

 

RTL

© Lara Bandadas

An eisem RTL Reporter ware mir zwee Ateliere kucken, an deenen um Kräizbierg Produiten hiergestallt ginn. Am Gaardenatelier ginn et zum Beispill den Ament selwer gezillte Blummen. D'Anouk schafft als Betreierin an deem Atelier an ass geléiert Gäertnerin, si huet eis erzielt, wat den Ament alles do wiisst.

Anouk Hanot: Ma momentan hu mir virun allem Saisonsplanzen do, dat si Summerblumme wéi Fuchsien, mir hunn dann awer och Geranien. Mir hunn puer Kräiderzorte Basilikum, Schnittlauch hu mir do. An dann och Tomaten, jonk Planzen, Geméis wéi Zucchini. Äerdbierplanzen, dat kann een hei alles kréien an dat gëtt alles aus eegener Zuucht groussgezillt hei an der Gäertnerei.

 

D'Ateliere schaffe wéi normal Betriber, huelen Demande vu Clienten un a gi bezuelt. Am Atelier Serigraphie ginn zum Beispill eng breet Palette u Produite gedréckt. 

RTL

© Lara Bandadas

RTL

RTL

© Lara Bandadas

Zum Beispill Veräiner bestellen hei dacks. Den Ëmgang mat de Maschinnen an d'Ausbildung fir déi verschidden Ateliere gëtt een och an der Fondatioun geléiert, Tom Pauly.

Tom Pauly: Mir hunn hei bei der Fondatioun Kräizbierg e Service de Formatioun, wou d'Leit dann dräi Joer laang dorop preparéiert ginn an eisen Atelieren ze schaffen. An do kritt een eigentlech alles bäibruecht.

En Abléck an d´Aarbecht vum Département Multiprint:

(c) Ateliers Kräizbierg/Tom Pauly