Wann et ëm Ikone geet, dann ass Italien ëmmer vir bäi! Besonnesch déi motoriséiert waren entweder immens schéin, immens séier oder béides. An esouguer och mat nëmmen zwee Rieder wéi am Fall vun der Vespa vu Piaggio. Bis haut huet de Scooter mam charakteristeschen Design iwwerlieft a virun e puer Deeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. Geleeënheet fir de Paul Origer, mol e klenge Portrait ze maachen.

05/05/2021 75 Joer Vespa

Vill Fans sinn der Meenung, d'Mark Piaggio wier zesumme mat der Vespa entstanen. Am Fong huet dem Rinaldo Piaggio seng Firma scho 60 Joer bestanen wéi d'Vespa lancéiert gouf. Bis dohinner huet Haaptgeschäft aus der Ariichtung vu Schëffer an Eisebunnswaggonen bestanen. Wärend dem 1. Weltkrich gouf awer ëmgestallt, nieft Motorbooter stoung virun allem d'Fligerei um Programm. Italien an natierlech Haaptwierk zu Pontedera hunn awer besonnesch ënnert dem zweete Weltkrich gelidden; alles war zerstéiert an et huet missen ëmgesuedelt ginn. Gebraucht gouf bëllegen Individualverkéier an esou gouf, aus dem wat nach iwwereg war, e Gefier gebaut wat sollt bequem, handlech a virun allem praktesch sinn. D'Vespa war gebuer a schonn deemools huet si dat ausgemaach wat haut nach de President vum Vespa-Club Roude Léif, Daniel Dos Santos begeeschtert:

Et huet mer ëmmer immens Spaass gemaach, mat der Vespa Baguette siche goen, Zeitung siche goen, op d’Terrassen, op Esch bis op d’Terrass. Wann een de Moto geholl huet, huet een ëmmer missen d’Liedersbox undoen, d'Liederjackett! A mat der Vespa kuerz Box, eng Schossel op de Kapp a fort. An dat ass eben e Lifestyle an, och wann‘s de mat der Vespa bäigefuer bass, d’Leit hunn dech direkt ugeschwat. Mam Moto ass der dat net virkomm.

Entstanen ass déi charakteristesch Form aus ganz prakteschen an einfache Grënn: et sollt een sech d'Box net knaschteg maachen, dofir gouf op eng Kette verzicht an de Motor komplett verkleet a vu vir sollten dem Vespisti seng Been virum Wand geschützt sinn. Den éischte Modell mam Spëtznumm Paperino, wéi d'Italiener den Donald Duck nennen, hat nach e relativ breede laange Korpus, déi zweet Versioun gouf vill méi schlank a krut deen typeschen Duerchgang fir d’Féiss, eng schmuel Taille an déi rëndlech hënnescht Baken. Den Enrico Piaggio huet den de Design an d'Motoregeräisch spontan un eng Harespel erënnert a scho war d'Vespa gedeeft. Den Numm an d'Formen huet se natierlech bis haut behalen.

D’Ikon geet weider. D’Forme sinn nach ëmmer do, déi ronn Formen. D’Fuerwen sinn nach ëmmer do, d’ginn der an alle Fuerwen. Firwat sollen se eppes an d’Entwécklung stiechen wann dat sech verkeeft vum selwen. Et ass eben den Numm Vespa, et ass eng Mark, an dat geet vum selwen.

Vun 1946 un prägt d'Vespa d'Stroosse vun Italien. Besonnesch déi éischt Serie Vespa 98 mam Faro basso, d'Luucht um viischte Schutzblech war 11 Joer laang onverwiesselbar. Ugefeiert gouf se vun enger 98 Kubik grousser 2-Takt-Eeegekonstruktioun mat 3,2 PS, fir den Export op 125 ccm opgebuert an esouguer 4 PS staark. Am éischte Joer goufe 17.000 Vespa gebaut, 1965 ware weltwäit schonn iwwer 3 Milliounen verkaf. Allerdéngs goung de Succès dunn e bëssen zeréck wëll lues a lues méi Leit sech en Auto leeschte konnten. Dat huet Piaggio awer net dru gehënnert säi Gefier weider ze entwéckelen; den Design gouf liicht geännert, déi viischt Luucht wandert 1954 uewen op de Guidon an d'Motorleeschtung goung kontinuéierlech erop. Esouguer iwwer 100 km/Stonn war, mam Lancement vun de sportleche GS-Modeller op emol méiglech. An et goung virun, Joer fir Joer, an nach haut ginn eng Hellewull Modeller a Series Spéciales lancéiert. Kee Wonner dat mat esouvill Choix d'Zuel vun de Fans wiisst. Iwwer 300 zielt de Vespa-Club Roude Léiw schonn a mécht sech am Fong keng Suergen iwwert seng Populatioun.

Also, déi jonk Generatioun villäicht net. Mee wat ech méi gesinn, ass, déi just kuerz virun der Pensioun sinn, déi kréien eng zweet Jeunesse doduerch. Dat mierken ech ëmmer, ech géing elo soen, Jonker vun ëm déi 18, déi just de Führerschäin hunn, déi behale mer net laang am Club. Esoubal se en Auto hunn, ass dat fir si net méi intressant, d’Vespa. Mee soss, mat deenen Eeleren, a mengem Alter, Ufanks 50 oder esou, do gesäit een dass vill Leit do Interesse kréien. Ass dat villäicht wëll se, wéi se jonk waren, sech dat net konnte leeschten oder ëmmer dat gesinn hunn, dass dat elo ee Revival gëtt – keng Anung.

Aktuell ass d'Vespa bei 300 Kubik ukomm an huet technesch wéi praktesch deementspriechend evoluéiert. De Succès bleift awer ongebrach wat sech natierlech op Waardezäite fir déi Nei an d'Präisser fir déi Al auswierkt.

Ech fannen dat heiansdo iwwerdriwwen wéi d’Präisser an d’Luucht stiechen, mee dat ass, d’Nofro ass do, an dat mécht de Präis esou héich. Haut emol eng al Vespa ze sichen ass scho schwéier, dann eng ze fannen déi tipptopp an der Rei ass, dat ass nach méi schwéier.

Deemno Tanti Auguri an op déi nächst 75!

Déi ganz Galerie fannt Dir hei: