De 25. Abrëll war den Dag fir sech géint d’Verbreede vu Malaria anzesetzen.

D’ONG « Drive Against Malaria » ass schonn zënter Jorzengten queesch duerch Afrika ënnerwee.
De Christian Schmit mat Detailer.

09/05/2021 600 000km Driving against Malaria

„Drive against Malaria“ eng ONG déi wierklech och an den ofgeleeënsten Ecker vum afrikanesche Kontinent ënnerwee ass.

De Fondateur David M.C Robertson war 1988 eng éischte Kéier duerch Afrika ënnerwee. Fir un déi 600 000km Challenge a speziell Momenter ze erënneren, gouf elo e Film realiséiert.

David Robertson: Geplatze Pneuen, e gebrachenen Thermometer, extrem héich Temperaturen, waarmt a salzegt Waasser fir ze drénken, an ouni GSM a GPS goung et duerch Sahara Wüst vun Algerien an de Niger, Burkina Faso bis an de Kenia. Do war ech di éischte Kéier mat Malaria confrontéiert. Ech hunn Doktesch Zentere besicht a koum zu Mobasa un mat Schüttelfrost a Féiwer. Ech hat de Parasit Malaria a mengem Kierper. Ech si mam nächst méigleche Vol zeréck op London geflunn. Do huet alles ugefaang fir géint Malaria ze kämpfen. 

Mat enger grousser Sensibiliséierungs Campagne duerch ganz vill Länner ronderëm de Globus, och Lëtzebuerg, fir op d’Mortalitéit vu Malaria opzeklären, goung et lass.

Lëtzebuerg, Däitschland, duerch all di 27 Länner vun der EU ass et gaangen, fir der Press an de Kanner an der Schoul d'Konsequenze vu Malaria méi no ze bréngen.

Ech wollt géint d'Welt protestéieren déi zou léisst dass all Dag 3000 Kanner, 500 Millioune Leit pro Joer duerch Malaria krank ginn.

1988 ass den David Robertson iwwer 150 000km duerch Afrika gefuer. D‘Stroosse waren esou lamentabel dass heiansdo grad emol 8 Kilometer am Dag konnten zeréck geluecht ginn.

Och Minne Felder a Länner wou Bierger Krich war konnten si net ophalen. Moralesch Ënnerstëtzung gëtt et an tëscht vun der fréierer Radio an Tëlee Presentatrice Julia Samuël.

Besonnesch schlëmm a geféierlech war et senger Zäit am Kamerun an och an der zentralafrikanescher Republik. Do hu mir dacks eist Liewen op d’Spill gesat fir mat de Mustikären a Medikamenter do unzekomme wou si gebraucht goufen, esou den David Robertson.

Do brauch een natierlech e robust Gefier dat een duerch Déck an Dënn bréngt. D’ONG huet ëmmer op därer vu Land Rover gesat. Zënter 2008 ënnerstëtzt di brittesch Mark och Driving against Malaria materiell a finanziell.

Malaria, déi duerch Mustikn iwwerdroe gëtt, ass nach ëmmer di heefegst Doudesursaach bei de Kanner an Afrika. Bei deenen ënner 5 Joer ass den Immunsystem duerch eng schlecht Ernierung besonnesch fragil.

Medikamenter mussen no enger Kontaminatioun an 48 Stonne prett sinn, soss kann d’Krankheet scho fatal Suitte kréien.

Bis haut konnt een iwwer eng ½ Millioun Leit mat Zäiten hëllefen.

Eng formidabel Missioun déi awer elo net mat den absolvéierte 600 000km ophält. Well mat der „World Media Malaria Awareness Journey" ënnerstëtzt Land Rover mat Defender et Co och weiderhin d’Engagement vun der ONG Driving against Malaria. Déi waren elo och schonn an 30 Länner bausst dem afrikanesche Kontinent ënnerwee.

Eemol méi wëll een esou ënnersträichen dass et kee Wee gëtt dee net bezwonge ka ginn, a wann e nach esou schwéier schéngt.

 

An den ugeschwate Film, deen an deem Kontext realiséiert gouf, a Fotoe vun der ONG an Aktioun op schwierege Plazen a Pisten, déi gesitt dir op www.rtl.lu