De Kermit stoung scho mat alle Gréissten aus dem Showbusiness virun der Kamera. Robert de Niro, Sir Elton John oder Gene Kelly. Nieft him gesinn déi sëlleche Stare zimmlech bleech aus. De Fräsch ass gescheit en Teamplayer an en hält d'Leit zesummen. De Kermit ass 40 Joer mat der Miss Piggy zesumme gewiescht.

09/05/2021 Op den Dag: Happy Birthday KERMIT

Et kann een net soen dass de Kermit nach gréng hannert den Oueren ass. De Muppet kritt haut ëmmerhi 66 Joer.
Wat jidderee misst wëssen ass, dass den Erfinder vum Kermit, den Jim Henson, d'Popp vu 1955 un, bis zu sengem Dout am Joer 1990 selwer gespillt huet.

Den Numm Kermit war an de 50er e geleefegen Numm an den USA. En Numm, deen iwwregens och Staren un zitt. De Kermit ass gutt befrënnt mam Michelle Obama, Kylie Minogue, Liza Minella oder och dem Celine Dion fir der nëmmen e puer ze nennen. Déi éischt Versioun vum Kermit war iwwregens einfach en ale Mantel bei deem d'Aen aus Dëschtennisbäll waren.

De Kermit huet 3265 Bridder a Schwëster. Kléngt no vill Stress an awer ass de Kermit kee Millimeter méi al ginn.
Villäicht ass et de Spaass un der Aarbecht. Oder d'Léift. Obwuel mat der Miss Piggy ass en no 40 Joer net méi zesummen. Nee et ass ganz einfach Sport. De Kermit mécht, wéi en an engem Interview verroden huet, vill Sport. Yoga! Net ze vergiessen säi Proteinne-Regime aus Mécken a Moustiquen.

An der Sesamstrasse hat de Kermit da méi eng roueg Roll. Einfach nom Dréibuch spille a fäerdeg. Bei de Muppets ass dat anescht. Hei ass hien och nach de Produzent. En hat an huet nach genuch ëm d'Oueren an awer ass de Fräsch um Buedem bliwwen trotz engem klengen Ausfluch an d'Welt vun der Musek.

En huet einfach mol mat senge Kolleege Bohemian Rhapsody vu Queen gecovert. E krut eng gëlle Plack dofir.
De Kermit kritt haut 66 Joer. Do kommen der mat Sécherheet nach vill dobäi. Zum alen Eise gehéiert de Fräsch nach laang net.