Vun enger Sekonn op déi aner geschitt et: d'Häerz fänkt u wéi wëll ze klappen, op der Broscht e Gefill wéi wann en decke Steen drop léich, den Hals dee sech wéi zougedréckt ufillt, Schweessausbréch, d'Gefill wéi wann de Buedem ënnert engem verschwanne géing, Schwindel an eng fuerchtbar Angscht. Angscht ze stierwen, keng Loft méi ze kréien, en Häerzinfarkt ze maachen...riets geet vu Panikattacken! D'Nicky Soisson kläert op.

10052021 Panikattacken

Déi Leit déi well eng Kéier an hirem Liewen eng Panikattack haten, kennen déi Symptomer nëmmen all ze gutt. An deem Moment fillt ee sech wéi eleng op der Welt, et versteet een déi 1. Kéier guer net wat engem geschitt an dat Ganzt ass zimmlech erschreckend an impressionnant.

Ma déi éischter gutt Nouvelle ass awer déi, dass een definitiv net eleng domat ass! E véierels vun de Leit maachen effektiv wéinstens 1 mol an hirem Liewen eng Panikattack.

Bei deenen enge bleift et dann och eng eemoleg Affär, bei deenen anere ka sech dorausser awer och eng klinesch Angschtstéierung entwéckelen. Et ginn dann haut och ganz vill verschidden Erklärunge firwat respektiv wéi sou eng Panikattack entstoe kann, Sacha Bachim, Psycholog a Psychotherapeut:

"Et ass seelen esou, dass dat op een eenzege Grond zréck geet. Et kann en Zesummewierke sinn vu vläicht enger gewësser Gronddispositioun, enger Sensibilitéit sou Saachen ze entwéckelen awer och Stress dee kann zesumme kommen, ganz staarke Stress kann eng Panikattack eventuell ausléisen. A ganz vill ass et och einfach d'Bewäertung déi ee mécht. Wann een esou staark Symptomer op eemol huet, et kann ee sech se net erklären da schaukelt ee sech erop an da gëtt et eng richteg Panikattack. Dofir tatsächlech eleng schonn ze wëssen, dass dat wat een do erlieft eng kierperlech Reaktioun ass déi physiologesch am Fong identesch ass domadder wéi wann een elo e staarke kierperlechen Effort géing maachen. Eleng esou eppes sech kënne bewosst ze soen, kann heiansdo schonn eng Hëllef si fir dat anescht ze bewäerten."

Wann dat awer net duer geet an déi Panikattacke reegelméisseg optrieden, da kann ee sech och professionell Hëllef sichen an do gëtt eng Psychotherapie recommandéiert:

"Wat recommandéiert gëtt, ass eng Psychotherapie, eng kognitiv Verhalenstherapie, dat ass eng Approche an der Psychotherapie wou ganz staark op de Present fokusséiert gëtt, gekuckt gëtt wat ass de Leidensdrock a wéi kann ech mat ganz konkreten Outilen u sech dru schaffen. Et geet vill drëms, dass een dann effektiv léiert seng eege Symptomer anescht ze bewäerten an dass een eleng, oder zesumme mat engem Therapeut, sech ka senger Angscht stellen. Bei staarken Angschtproblemer kann een natierlech och kucken ob ee mat Medikamenter behandele kann. An der Reegel ginn Antidepressiva recommandéiert, dat ass d'Medikament vun der Wal bei Angschtstéierungen. Et gëtt natierlech och Berouegungsmëttel, déi sougenannte Benzodiazepinen, déi een an akute Krisemomenter kann anhuelen an déi dann natierlech ganz schnell berouegen. Do gëtt et einfach e ganz groussen Ofhängegkeetsrisiko. Et ass och esou, dass Medikamenter an der Reegel éischter d'Symptom ënnerdrécken a wann een da géing ophale mat de Medikamenter, wann een net och eng Therapie gemaach huet, ass et oft esou, dass d'Symptomer erëm kommen."

Wann Dir net wësst wouhinner, da kënnt Dir roueg Ären Hausdokter drop uschwätzen. Dee kann Iech beroden an och weider orientéieren. Oder Dir profitéiert vun enger Rutsch Consultatiounsservicer wou een dacks gratis e Psycholog an/oder Psychiater ka gesinn.

Alternativ ginn et och Selbsthëllefgruppen hei zu Lëtzebuerg an notamment 2 am Beräich vun den Angschtproblemer. Dat ass d'Lëtzebuerger Angschtstéierung Hëllef, kuerz L.A.S.H. a Panik.lu.

Falls Dir ëmmer nees mat Panikattacken oder Angschtgefiller ze kämpfen hutt, da waart net ze laang, well d'Angscht gëtt mat der Zäit ëmmer méi grouss an da kënnt een iergendwann net méi sou liicht do eraus. Dofir sicht Iech léiwer séier Hëllef an zéckt och net oppen driwwer ze schwätzen!