Lëtzebuerg ass kleng, ma seng Theaterzeen ass nawell villfälteg a lieweg.

Am Kader vun de Mierscher Theaterdeeg, kritt de Public zanter dem 6. Mee ee Bléck hannert d'Kulisse vum zäitgenësseschen Theater hei zu Lëtzebuerg gebueden – dat mat Gespréicher, Liesungen a natierlech och Virstellungen.
Am Mëttelpunkt vun dëser éischter Editioun vun de Mierscher Theaterdeeg sti Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen, déi fir den Theater schreiwen.
D'Sandy Elsen verréit Iech méi.

Mierscher Theaterdeeg 08/05/21

Weider Informatiounen zum komplette Programm an zu de Reservatioune fannt Dir enner www.kulturhaus.lu