Et kritt ee se mëttlerweil an den Apdikten an och an de Supermarchéen. Se sinn dofir do, dass ee sech selwer op de Coronavirus testen kann: Déi sougenannte Schnelltester. Gëschter Owend war dat schonn e Sujet bei de Kollegen vum Magazin op der Tëlee an och an eisem Podcast "Wellebriecher" ass d'Thema Schnelltester ugeschwat ginn.

04/05/2021 Wéi zouverlässeg si Schnelltester? 15h15

Een Antigen-Selbsttest kann een Indice si fir eng Covid-19 Infektioun heescht et um Site vun der Santé.

Den Epidemiolog Joël Mossong vun der Santé huet an eisem Podcast "Wellebriecher" eng Äntwert ginn op d'Fro, wéi eng Indicen se an éischter Linn ginn.

"Et muss ee wëssen, de Selbsttest oder Schnelltest, deen ass eigentlech gutt fir drop hinzeweisen dass een ustiechend ass. En ass net onbedéngt gutt fir ze soen ob ee positiv ass oder ob een de Virus inkubéiert. E weist wierklech drop hin, dass een zu deem Zäitpunkt wou een den Test mécht, dass een dee Moment ustiechend ass."

Bei de PCR-Tester déi mer nach vum Large-Scale-Testing kennen, géif et dem Epidemiolog no eng gewëssen Routine ginn wat Notifikatioun un d'Santé ugeet. Wann de Schnelltest positiv ass, gëtt et eng kloer Recommandatioun wat een da muss maachen, nämlech deklaréieren:

"Do gëtt et een Internetaite vun der Santé wou een dat ka maachen a wou een dann och ugeruff kritt duerno fir ze soen wat d'Mesure sinn déi ee muss huelen. Et muss ee sech an Isolatioun setzen an och seng Kontakter direkt uruffen fir ze soen si sollen dann och a Quarantän goen. Am Prinzip soll een duerno dann och nach e PCR-Test maachen fir dee Schnelltest konfirméieren ze loossen, well et ass op Basis dovunner wou d'Dokumenter kënnen heem geschéckt ginn."

Bei de Schnelltester ginn et der bei deem ee muss de Spaut benotzen, bei anere muss ee mam Stäbchen an d'Nues. Dee mam Spaut wier dem Joël Mossong no net esou sensibel.

"Dat ass international bekannt an do si ganz vill Leit déi soen, dee Spauttest soll een elo net maachen. Ech schwätzen elo vum Schnelltest vum Spaut. Spaut mat PCR ass erëm eppes aneschters. Dat gëtt zum Beispill an der Belsch genotzt an de Schoulen wou se deen Symstem maachen. Dat fonctionnéiert relativ gutt, mä et ass eben déi Kombinatioun Spaut mat Schnelltest déi wierklech net esou sensibel ass an déi sinn net ze recommandéieren."

Am Fall vun engem postiven Test muss ee sech hei mellen: