Wéi ass et da mat Iech, och d'Zännseid am Gebrauch? Besser wier et, well d'Zänndokteren recommandéieren dat ëmmer nees.

11/05/2021 Benotzt dir dann och Zännseid?

Mir hunn da mol nogefrot mat eisem RTL-Mikro, ob Dir d'Zännseid benotzt..

11/05/2021 Benotzt dir Zannseid

A wéi et schéngt, sinn eis Leit ganz besuergt ëm hir Zänn a schaffen och mat der Zännseid. Well d’Zännbiischt geet leider net duer fir déi néideg Hygiène am Mond ze suergen. Dofir kënnt dann d’Zännseid an d’Spill, dës botzt do, wou d’Zännbiischt net dru kënnt.
D’Seid benotzt een am beschten 1 Mol den Dag an dat owes, well da gëtt de Plaque a d’Iessensrechter, déi sech am Laf vum Dag usammelen, ewech gemaach.
Am beschte soll een dat, enger Etüd no, virum Zännbotze maachen, fir datt alles propper ass. Dat hätt och e psychologeschen Hannergedanken, an zwar wann een d’Zänn schonn gewäsch huet, mengt een duerno d’Zänn wiere propper an et bréicht een d'Zännseid net méi!
Sollt een et awer nom Botzen maachen, dann duerno mat engem antibakterielle Mondwasser auszespullen.
Wéi eng Zännseid ee benotzt, ass ganz egal, sief et déi mam Wuess, déi besser tëscht d'Zänn kommen, an déi ouni Wuess, déi bësse méi rau ass mä dofir och besser botzt.