Kann ee sech éischter Moies net méi richen, oder spréngt een besser owes no der Aarbecht séier ënner d'Dusch. Den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem Zithagesondheetszenter ass mat all Waasser gewäsch a weess wat besser fir eisen Kierper ass.

Fir moies unzekommen, eventuell de Schweess vun de Nuecht lass ze ginn ass et moies schonn gutt fir ze duschen. Oder ass et interessant fir propper an d'Bett ze goen? Fir déi Leit déi Laangschléifer sinn oder moies net an d'Gäng kommen ass no der éischter Iwwerwannung eng kal Dusch eng ganz flott Saach. Eng waarm Dusch owes hieft zwar kuerzfristeg d'Kierpertemperatur, et entspaant d'Muskelen, et soll och de Stress e bësschen ofbauen, mä dono killt de Kierper awer of an dat ass sou änlech wéi déi éischt Schlofphase déi mer hunn wou och d'Kierpertemperatur ofgebaut gëtt fir dass mer ukommen mat schlofen. Also fir Leit mat Schlofproblemer ass et ideal owes eng 30 bis 60 Minutten ier en an d'Bett wëll goen dann ze duschen.

08-05-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Moies oder owes duschen

Déi duerchschnëttlech Duschzäit leit tëscht 3 an 10 Minutten
Wien elo alles richteg maache wëll kéint jo theoretesch och moies an owes eng Dusch huelen?

Tjo, dat dréchent d'Haut aus, an de Mikrobiom also déi Bakterien, Pilzen, och soss Mikroben déi op eiser Haut sinn, ginn geschiedegt an d'Haut gëtt dréchen. Anengems ze vill Beautyprodukter sinn och net gutt well do sinn allméiglech Chemikalien dran déi net gutt sinn fir eis Gesondheet wann een et iwwerdreift. Ween also moies net opkënnt soll roueg, mat guddem Gewëssen owes duschen. Bleift propper a natierlech gesond.

08-05-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Moies an owes duschen