Hond oder awer léiwer Kaz - zu wéi enger Kategorie gehéiert Dir? Fir verschiddener ass d'Äntwert dorobber e kategorescht "Entweder-Oder". Entweder si si frou mat Hënn oder ebe mat Kazen. Anerer si frou mat deenen 2 ma wa se éierlech sinn, dann déi eng awer e bëssi méi wéi déi aner. Egal wéi pregnant déi ënnerschiddlech Virléifte sinn: vill Leit identifizéiere sech selwer entweder als Honds- oder Kazemënsch. A wéi engem Team Dir Iech gesitt, seet och eppes iwwert Iech selwer an Är Perséinlechkeet aus, Nicky Soisson.

11/05/2021 Hond oder Kaz?

Wat genee, dat hunn divers Fuerscher well 2017 erausfonnt: Leit déi Kaze léiwer hunn, wieren tendenziell méi intelligent, méi sensibel an typesch Eenzelgänger. Si wieren, esou d'Fuerscher weider, och méi kreativ, manner konventionell an net sou schaarf drop sech u sozial Normen ze halen.

Hondsmënschen dogéint wieren éischter méi lieweg, geselleg, waarmhäerzeg an extrovertéiert - a géinge sech léiwer u Reegelen halen. Hei géing ee vu Perséinlechkeete schwätzen déi praktesch veranlaagt wieren an deenen et wichteg wier gutt a sozial Gruppen ze passen.

Fir eng aner Analys hunn d'Fuerscher 2010 e puer Testpersounen, déi sech selwer als Honds- oder Kazemënsche bezeechent hunn, op enger Skala aklasséiert déi an der Psychologie eng grouss Bedeitung huet: dat bei de sougenannte "Big Five" vun de Perséinlechkeetseegenschaften. D'Wëssenschaftler hunn iwwerpréift wou sech hier Kandidaten jeeweils an de Beräicher "Oppenheet fir Erfarungen", "Gewëssenhaftegkeet", "Extraversioun", "Verdréiglechkeet" an "Neurotizismus" rangéiert hunn.Neurotizismus wëll heesche wéi stabil oder ebe labil een emotional ass.

An och bei dëser Etüd koum eraus: Hondsmënsche wieren tendenziell méi extrovertéiert, kompromëssbereet a wiere sech méi flichtbewosst; Kazemënschen dacks emotional méi labil dofir awer och méi oppe fir Neies.

Wann d'Wëssenschaftler Recht hunn, dann ass effektiv eppes drun, dass Honds- a Kazemeeschter effektiv Ähnlechkeete mat hiren Déieren hunn.
Kaze gëllen als intelligent Eenzelgänger déi vill Fräiheet brauchen, also genee wéi hire Meeschter. Hënn, op där anerer Säit, follegen de Befeeler vun hirem Meeschter a si geselleg. Deemno läit de Verdacht no, dass ee sech éischter zu deem Déier higezu fillt, dat senger eegener Perséinlechkeet am Nooste kënnt.

Ob dat och op Iech zoutrëfft, dat loosse mir Iech selwer erausfannen!