Duerch d'Pandemie huet de Vëlo e richtege Boom erlieft. Zäitweis waren d'Rayone reegelrecht eidel geraumt. Elo mat der schéiner Saison vum Joer wëlle natierlech vill Leit vun hirem Bike profitéieren an deementspriechend begéint een dann och genuch Vëlosfuerer op der Strooss. Accidenter bleiwen do leider och net aus. Zäit deemno mol de Point ze maachen ob wat et gëllt opzepasse wann ee mam Vëlo ënnerwee ass. Nicky Soisson.

14052021 Gutt a secher mam Velo ennerwee

Et ass wuel näischt Neits, dass d'Vëlosfuerer déi Vulnerabelst op der Strooss sinn. Nieft de motoriséierte Gefierer gi se nawell gäre mol iwwersinn an och net ëmmer wierklech eescht geholl. Dofir ass et wichteg, sech als Vëlosfuerer sou gutt et geet ze schützen. Wéi een dat am beschte mécht, dat weess de Fränk Schleck vun der Fédération du Sport cycliste hei zu Lëtzebuerg:

"De Vëlosfuerer ass a bleift e vulnerabelen Deel am Verkéier, dat heescht de Vëlosfuerer wäert ëmmer de Kierzeren zéie vis-à-vis vun engem Auto, dat muss ee sech natierlech virun Aen halen. De Code de la Route anzehalen an een deen aneren ze respektéieren ass natierlech ganz wichteg. Elo sinn natierlech och aner Saachen déi e Vëlosfuerer ka maachen andeems e sech giel undeet, eng Luucht um Vëlo huet. Dann den Autosfuerer selwer, ëmmer genuch Ofstand halen! Gitt och dem Vëlosfuerer Respekt zréck an ech mengen do kann ee scho ganz Villes vermeiden."

A leschter Zäit geschitt jo op nationalem Niveau zimmlech vill fir eis Stroosse méi vëlosgerecht ze maachen. Sief et nei Vëlosweeër oder de Vëlossummer, wou verschidde Stroosse fir de Verkéier gespaart ginn:

"Mir sinn natierlech ganz frou wa Vëlosaktioune gehale ginn oder mir diskutéieren iwwert Vëlosweeër an déi sollen och vum Vëlosfuerer benotzt ginn, sou wäit wéi méiglech. Wann déi Efforte gemaach ginn, déi de Moment och virgesi sinn, da wiere mer schonn e Stéckche méi wäit. De Vëlosfuerer muss natierlech och de Respekt vis-à-vis vum Automobilist hunn a vice versa. Ech mengen dat ass ganz wichteg! Elo hu mir natierlech aner Méiglechkeete schonn am Stroosseverkéier, dass een eng vëlosfrëndlech Zone respektiv Stroosse mécht."

D'Vëlosfederatioun bitt dann och Course fir Erwuessener u wou ee léiert richteg Vëlo ze fueren a gutt duerch de Verkéier ze kommen fir esou Chutten ze vermeiden. Ma och d'Kanner gi well vu kleng op mam Vëlo bekannt gemaach:

"De Script.lu geet an d'Schoulen a si huelen d'Kanner aus der Schoul. Mam Vëlo léieren déi ee sech um Vëlo ze behuelen huet a wéi een d'Balance hält, wéi ee bremst. Dat sinn alles Coursen, déi mir elo schonn an de Schoulen ubidden fir dass wa se grouss ginn, dass se de Vëlo kennen an net grad an d'kaalt Waasser geheit ginn. D'Zil ass einfach och d'Kanner elo un de Vëlo ze gewinnen, wa si eng Kéier schaffe ginn, dass se keng Angscht hunn mam Vëlo op d'Schaff ze fueren, sech mam Vëlo ze deplacéieren."