Déi lescht Zäit héiert ee jo méi dacks vun Accidenter mat Vëlosfuerer op eise Stroossen. Déi gutt Saison huet ugefaangen an do dreift et, nieft de Motoradsfuerer och vill Cyclisten op d'Strooss fir hirem Hobby nozegoen. Forcement geschéien dann och alt mol méi Accidenter. Ma fir dass jidderee sou gutt a sécher wéi méiglech duerch de Verkéier kënnt, ginn et elo direkt e puer Rotschléi vun der Police. Nicky Soisson.

14052021 Secher mam Velo duerch de Verkeier e puer Rotschlei vun der Police

Ee vun de Grënn vun den Accidenter mat Vëlosfuerer ass sécherlech deen, dass duerch dee ganze Vëlosboom eng Rutsch méi Cyclisten ënnerwee si wéi nach virun 1-2 Joer. Ma dat eleng ass awer net d'Erklärung. Dobäi kënnt nämlech nach, dass de motoriséierte Verkéier no der Wanterpaus net méi un d'Vëloen op der Strooss gewinnt ass. An deem Sënn huet d'Police eng Campagne lancéiert bei där et haaptsächlech ëm d'Preventioun geet an een op d'Geforen opmierksam ze maachen, déi doduerch entstinn, datt ebe méi Cyclisten ënnerwee sinn. André Schaack, commissaire en chef a responsabel fir d'Verkéierssécherheet bei der Police:

"Den Haaptmessage vun der Police ass natierlech mol deen, datt jidderee mol soll de Code de la Route beuechten. D'Reegele si fir jiddereen do..   De motoriséierte Verkéier dee soll eben oppasse wann en ënnerwee ass, datt e sech bewosst ass, datt eben ëmmer méi Leit mam Vëlo ënnerwee sinn, bannen an och ausserhalb vun den Dierfer. Hannert de Kéiere kann e Cyclist oder méi kënnen der hannert der Kéier sinn déi een net gesäit. Besonnesch op schmuele Stroossen ass dat geféierlech."

Och bei de roude Luuchte an op de Kräizunge lauert d'Gefor. Grad déi schwéier Gefierer wéi Camionen a Busser sollen hei op hiren doudege Wénkel oppasse wa se riets ofbéien, well déi bemierken de Vëlosfuerer ganz dacks mol guer net. Ma och fir de Vëlosfuerer heescht et gutt opzepassen:

"E soll domadder rechnen dat wann eng Persoun mat sengem Auto laanscht de Parksträife parkt an d'Vëlospist geet do derlaanscht, dat déi ebe riskéiert d'Dier opzemaachen ouni ze kucken. Dee passt net op. A besonnesch eben och bei de roude Luuchten, och do onbedéngt op deen doudege Wénkel oppassen. Den Cyclist däerf bis vir bei d'rout Luucht fueren mee riets nieft engem Camion bei enger rouder Luucht stoen, ass eng ganz onglécklech an eng ganz geféierlech Plaz well de Camionschauffer muss de Cyclist net gesi wann dee riets ofbéit."

De Code de la Route gesäit dann och e puer Verkéiersreegele fir de Cyclist fir. Ugefaange mam Equipement vum Vëlo:

"Dee muss Luuchten drop hunn, e muss Rückstrahler drop hunn a sou weider. Dann ass awer och den Appell vun der Police: wann e bei schlechter Siicht oder nuets ënnerwee ass dann och Gebrauch vun deem Equipement ze maachen a virun allem och virdrun ze kucken, datt et fonctionéiert. Dat siichtbar sinn a siichtbar ginn dat ass mol den A an den O, och beim Cyclist. Dann ass et och esou, datt déi Dispositiounen fir niewenteneen ze fuere wuel méi locker gi sinn am Code de la Route. Et kann een zu 2 nieftenee fuere mee dat heescht awer net, datt een dauernd muss zu 2 nieftenee fueren. Natierlech och de Cyclist muss nach ëmmer kucken, datt en net eng Gefor oder eng Behënnerung fir de Recht vum Verkéier duerstellt."

Generell stellt d'Police dann och ëmmer méi Aggressivitéit am Stroosseverkéier fest. An dobäi ass dee géigesäitege Respekt grad hei extrem wichteg.

"Also mir wäerte net eens gi wann net een deen anere respektéiert. Mir wäerten och keng Vision zero kréie wann net een deen anere respektéiert. Et wäert net sinn, net kuerzfristeg, net mëttelfristeg a kaum och laangfristeg esou sinn, datt all Kategorie seng 3 Meter am ëffentleche Raum huet wou en däerf fueren. Dat wäert net de Fall sinn. Mir mussen eis den ëffentleche Raum deelen an dat geet am beschten andeems mer de Code de la Route beuechten, andeems mer d'Reegele beuechten a virun allem andeems een deen anere respektéiert."

Hei fannt Dir nach vill weider Informatioune ronderëm de Vëlo, d'Equipement, nei Gefierer wéi E-Trottinetten an och alles ronderëm d'Preventioun am Verkéier allgemengen: