Et gëtt näischt méi Schéines wéi moies oder owes e schéine Spadséiergang mat sengem Mupp duerch de Bësch ze maachen. Do kann den Hond a säin Meeschter sou richteg entspanen. Awer de Bësch bréngt och Geforen mat sech op déi d'RTL Déierendoktesch Romi Roth eis haut opmierksam maache wëll.

11/05/2021 Déierentipp- De Reportage vum Radio

Den Harvey war immens krank.  Schonn zanter e puer Deeg war de léiwen a wonnerschéinen Rhodesian Ridge Back Ritt bal wéi depriméiert an en hat keen Appetit méi. Heiansdo huet hien gegierkst a seng Verdauung ass och ëmmer méi mëll ginn. Wéi seng Leit hien bis op eemol hellewech an d´Consultatioun bruecht hunn, ass et no vir an hannen nach just bluddeg ewech gaangen. Well ee vun deene Fiiss héieren a gelies hat, déi un der Staupe ( op franséisch Maladie de Carré, Distemper op englesch) gestuerwe sinn an den Harvey an der Lescht och net méi richteg konsequent geimpft an entwuermt gi war, huet seng Famill sech natierlech immens Suerge gemaach, hien hätt elo déi Fuussekränkt vum spadséieren aus dem Bësch matbruecht. An et ass wierklech esou, dass Duerchfall a Briechen oft déi éischt Unzeechen fir eng Staupe sinn.

11-05-2021 Déierentipp Romi Roth - Staupe aus dem Besch

Awer och fir eng Vergëftung, oder och fir ee vun den  Holzbengelen, op déi den Harvey sou versiess ass an déi emol am Geträips stiechen bleiwe kënnen.

An der Keelt kënnen déi Keimer bis zu dräi Wochen am Bësch iwwerliewen.

Bei eis hei kann déi Kränkt geféierlech ginn fir net oder net richteg geimpften Honn, de Wollef, de Fuuss, awer och Marder an deenen hier no Famill oder, méi am Norden vum Ländchen fir Wäschbieren. D´Kaze ginn net krank. De Mënsch och net, obwuel de Virus vun der Maladie de Carré ganz no mat deem vun de Riedelen Famill ass. Mat engem negativen Schnelltest op Aen- an Nuesenofstréch gouf awer kloer, dass den Harvey d´Staupe net erwëscht hat. Seng Impfung, obwuel scho bal 3 Joer hier, war warscheinlech just och nach gutt. Hien hat eng HGE, eng Akut Bluddeg Gastroentérite. Deen Diagnostic huet, obwuel d´Symptomer wéi beim Harvey richteg schlëmm kënne sinn, keng schlecht Prognos. Souguer a schwéiere Fäll ass et mat e puer Baxteren a Medikamenter géint d´Entzündung, d´Kolliken an d´Bluddung meeschtens an wéi bei eisem Muppepatient och ouni weider Problemer gedoen.

11-05-2021 Déierentipp Romi Roth - fir wien ass Staupe geféierlech