Déi déngschteelst Tatort-Kommissärin feiert Haut 60 Joer. Bekannt gouf déi däitsch Schauspillerin an hirer Roll als Ludwigshafener Komissarin Lena Odenthal.

14/05/2021 Op den Dag - Ulrike Folkerts

Happy Birthday Ulrike Folkerts. Déi déngschteelst Tatort-Kommissärin feiert Haut 60 Joer. Bekannt gouf déi däitsch Schauspillerin an hirer Roll als Ludwigshafener Komissarin Lena Odenthal. Heiernsto ruppeg am Toun, cool an der Lieder Jackett. Als Ermëttlerin spillt d'Ulrike Folkerts déi couragéiert Fra an dat scho méi wéi dräi Joerzéngten. Sou laang wéi et Rolle fir d'Actrice gëtt a sou laang wéi si Loscht huet, wëll si och nach schaffen a spillen. Privat soll dee ronne Gebuertsdag, sollen déi 60 genotzt gi fir méi zu méi Rou ze kommen an ze genéissen wat si erreecht huet. Net virun der Kamera ass d'Schauspillerin och en anere Mënsch, méi douce an, zanter kuerzem och méi fräi. D'Lena Odenthal huet d'Corona-Pandemie genotzt fir e Buch ze schreiwen. 'Ich muss raus', sou den Titel wou d'Actrice sech offen zu hirer Homosexualitéit bekennt. Eppes, sou d'Ulrike Folkerts, wat an deem Beruff nach ëmmer schwiereg ass a wou een vun Agenten a Caster éischter ofgerode kritt. Awer lo wier et gutt, lo wou alles eraus ass. Dass d'Ulrike privat frou mat Frae wier, dat Duebelliewen war iergendwann eraus komm, an duerno wier si genau sou frou gewiescht.
Schauspillerin ginn, dat war iwwregens um Ufank guer net sou einfach fir d'Meedche vun enger Kosmetik-Beroderin an engem Butteksfënster-Dekorateur. 4 mol hätt si sech an der Schauspillschoul gemellt an eréischt bei der véierte Kéier hätt et geklappt. Wier dat net de Fall gewiescht hätt d'Ulrike Agrarwëssenschafte studéiert. Awer glécklecherweis huet et dunn mam Film geklappt, an kuerz drop och beim Casting fir den Tatort wou se eng Kommissärin mat engem franséischen Touch gesicht haten. Déi Roll sollt passen, nieft dem Kolleg Kopa, deemools iwwregens déi éischt Tatort-Kommissärin. Haut ginn déi 60 gefeiert. Relax a gemittlech mat der Mamm a mat der Frëndin um Land.