Déi schéinste Méint vum Joer hunn ugefaangen a mat hinnen eng nei Saison fir d'Motorradsfuerer. Zesumme mat de Vëlosfuerer gehéiere si zu deene vulnerabelsten op eise Stroossen an all Joer geschéie leider, grad am Ufank vun der Saison, ëmmer nees uerg Accidenter mat den Zweerieder. Op wat et gëllt opzepasse fir gutt duerch d'Saison ze kommen, dat huet  d'Nicky Soisson bei der Motor-Union Luxembourg nogefrot.

14052021 Wei kommen ech mam Moto secher duerch d Saison

Nodeems ee säi gutt Stéck aus dem Wanterschlof geholl huet an éier ee senger Passioun nees nogoe kann, heescht et fir d'éischt mol säi Moto richteg op d'Saison virzebereeden. Dozou gehéiert als 1. Mol eng gutt Wäsch, falls dat net virum Wanter geschitt ass, alles nozekucken fir sécher ze goen, dass alles fonctionéiert, d'Pneuen opgepompelt an an der Rei sinn an de Loftdrock richteg ass. D'Tenue an den Helm mussen natierlech och kontrolléiert ginn, ma domat net genuch, Alex Frieden, Secretaire général vun der Motor-Union Luxembourg:

"Da sinn et 2 aner ganz wichteg Saachen op déi ee muss oppassen: 1. ass ee selwer scho laang net méi gefuer an 2. deen anere Verkéiersteilnehmer huet scho laang kee Motorradsfuerer op der Strooss begéint. Et muss ee sech selwer nees déi Chance ginn, mol erëm eng Kéier an d'Fueren erakommen, dat heescht Maacht lues, virsiichteg fueren, net direkt probéiere rëm alles direkt esou easy peasy ze maachen wéi dat matten am Summer war wann een den Dag 200 bis 300 Kilometer erofgerockt huet. Dat geet am Ufank net!"

Et soll sech och all Motorradsfuerer bewosst sinn, dass ee kann iwwersi sinn oder dass een zum Beispill hannert enger Kéier eppes auswäiche muss. An deem Sënn kann een nëmme no sech selwer kucken an et soll een och deementspriechend op der Defensive fueren!

"D'Reegelen am Verkéier ziele fir jiddwereen. Domat well ech eigentlech soen, dass de Motoradsfuerer sech net soll Saachen eraushuelen wou e mengt "oh mir fuere jo just dann an dann oder mir maache just dat an dat oder mir si seelen do oder wat och ëmmer". D'Geschwindegkeet ass flott mam Motorrad fueren, dofir ginn et awer Plazen, déi nenne sech Circuiten, wou een dat kann ongehemmt maachen. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg ronderëm ganz gutt Circuiten. Mir als Federatioun ënnerstëtze jiddwereen deen déi Erfarung wëll maachen. Mir hunn eng immens grouss Communautéit déi dat reegelméisseg a ganz vill mécht."

D'Motosunioun Lëtzebuerg réit dann och all Motosbegeeschtertem dovunner of ze haart Auspuffen ze montéieren. Och wann dat natierlech flott ass, wann dat vill Kaméidi mécht sou ass dat haut out:
"Wa mer sou weidermaache wéi mer déi leschte Jore gemaach hunn, da si mer iergendwann op deem Punkt, dass mer net méi dierfe fueren oder Strecke gespaart gi wéi an anere Länner."

Dat selwecht gëllt dann och fir d'Vitesse déi all Joer leider op en Neits Affer bréngt. An deem Sënn ass et dem Alex Frieden an der Federatioun wichteg nach eng Kéier drun ze erënneren:

"D'Geschwindegkeet gehéiert op d'Rennstreck an net op d'Strooss. Ech wëll elo net soen, dass mer alleguerte sollen Engele sinn an 88 fueren do wou 90 ass mee mir musse keng 180 op enger Landstrooss fueren. Last but not least: Denkt drun, Ären Engel muss matfléien! Wann Der ze séier fuert an dee kënnt net méi no, dann hu mer e Problem."