Et geet och ouni Pestiziden, dat ass de Message haut zesumme mat der Superdreckskëscht.

10/06/2021 Ënnerwee mat der SDK: Ouni Pestiziden
RTL

© https://www.ebl.lu/

RDV ass do mam Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg asbl, well haut geet et an de private Gaart awer ganz ouni Pestiziden. Mat der Campagne Ouni Pestiziden sollen d'Leit motivéiert ginn an hirem Gaart ouni Gëft ze gäertneren.

Ginn dann esou vill Pestizide privat genotzt?

All Joer gi ganz grouss Quantitéiten u Pestiziden an de Gaardenzentere verkaaft - an déi ginn herno jo am Gaart benotzt.
Och déi Leit, déi e Gäertner bestellen, fir de Gaart ze maachen, bestellen oft onbewosst d’Benotze vu Pestizide mat. Do gëllt et dann, ganz proaktiv ze soen, datt een dat net wëll.
Ass dat dann esou schlëmm, wann do eng Kéier gesprëtzt gëtt, wann de Gäertner mäi Gaart uleeë kënnt?
Och wann et bei engem eenzelen eventuell wéineg schéngt, sou huet et dach awer an der Zomm e groussen Impakt op d‘Ëmwelt an op d’Biodiversitéit. Do wou ee Gëft gesprëtzt huet, dat verschwënnt net einfach esou– do entsteet eng liewensfeindlech Plaz fir Päiperleken, Beien, Wëllbeien, Villercher an aner Déieren.
D’Campagne Ouni Pestiziden huet awer och e speziellt A op d’Schottergäert, där et ëmmer méi gëtt?
Jo, déi mat Steng a Schotter bedeckte Flächen si leider eng Katastroph fir d’Biodiversitéit.
Zum engen ass do natierlech weder eppes ze iessen, nach fir sech ze verstoppen fir Insekten an aner Déieren.
Wien e Schottergaart uleet, deen erwaart sech, datt e net vill Aarbecht domadder huet. Et ass awer leider esou, datt och am Schotter Wëllkraut opkënnt, wat een da just mat gëftegen Herbiziden ewech kritt.
Wat kann ech a mengem Ziergäertche maachen, fir ouni Pestiziden e schéint Resultat ze hunn?
Ech setze Stauden, déi d’Schleeke net gär hunn, da brauch ech kee Schleekegëft. Ech setze Rousen, déi vun der Genetik hir gesond sinn, da brauch ech näischt géint Mehltau a Rascht ze ënnerhuelen. Ech si gedëlleg, wann d’Lais op d’Planze kommen, well d’Himmelsdéiercher sinn 2-3 Woche méi spéit drun a botzen se duerno all ewech. Ech erlaben de Blimmercher am Wues ze bleiwen, da brauch ech keen Herbizid.
Wéi kann ech mech am Geméisgaart uleeën, fir pestizidfräi ze gäertneren?
Am Geméisgaart muss ech mech mat de Bedierfnisser vun de Geméisplanzen e wéineg beschäftegen. Zum Beispill: D’Tomaten brauchen en Iwwerdach, fir datt se net vum Pilz befall ginn. Deene meeschte Planze geet et besser, wann si a Mëschkultur wuessen: d’Muerten schützen d‘Zwiwwele géint Zwiwwelméck, d’Zwiwwele schützen d’Muert géint d’Muerteméck. Do fënnt ee komplett Lëschten, wou een sech gutt kann orientéieren.
Generell ass ze soen, datt wann een d’Nützlingen am Gaart fërdert, datt si eis eng gutt Hand mat upaken.

Zum Beispill: Naschtkëschten fir d’Villercher, déi hir Bëbeeën ausschliisslech mat Insekte fidderen; e kléngen Eck dee manner opgeraumt ass, fir de wëllen Insekten e Liewensraum ze ginn – si parasitéieren oft anerer Insekten déi eis am Gaart ploen, an deziméieren se doduercher.

Wann ech nach Pestiziden am Schaf oder Keller hunn, wat soll ech domadder maachen?
Pestiziden entsuergt ee net an d’schwaarz Poubelle, mee si gehéieren an déi mobil Sammlung vun der SuperDreckskëscht oder an de Recycling-Center, deen se och bei d’SuperDreckskëscht bréngt fir eng onschiedlech Vernichtung.