D'Ursaachefuerschung ass bei eisen Hausdéieren heiansdo grad sou schwéier wéi bei engem Krimi vun 90 Minutten. D'Grënn leien net ëmmer direkt op der Hand an dofir muss en Déierendokter och alt emol an all Richtungen denken, bis dass een erausfënnt u wat en Déier leit, Romi Roth?

D´Choupinette, eng granzeg al Kaz mat laangem Pelz, war guer net gutt. Just nach fir un d´Friessen lepsen ze goen, ass et vu sengem Bettchen opgestane. An dann och nëmme mat vill Gehipps a Gejéimers. Dat bal zwanzeg Joer aalt Déier, wéinst sengem Temperament an der Praxis gefaart ewéi Fixfeier, mä mat senge Leit bis elo ganz fein, war an der Lescht och doheem op eemol richteg kazeg a granzeg ginn. Wéi et dunn och nach keng grouss Kommissioune méi maache konnt, ugefaangen huet e komesche Geroch ze verbreeden a seng Leit Bluttspueren um Buedem gesinn hunn, gouf et beim Schlawittche geholl an endlech an d´Consultatioun bruecht.

25-05-2021 Deierentipp - Romi Roth - Granzeg al Kaz

Do war direkt ze gesinn, dass seng Leit sech wuel scho Wochen, wann net Méint, net méi getraut haten, säi Pelz ze kämmen. Dat aalt Déier war strubbelvoller Knätzelen, vun deenen et sech en Deel selwer schonn opgefriess hat, deen elo am Daarm louch de Passage ze behënneren.

Mais wann esou ee granzegt Déier sech net méi upake léisst, dann ass et awer och schwéier fir d´Leit Doheem?

Dat aremt aalt Déier hat vu sengen 18 Krallen der zéng, déi schonn esou laang ëm d´Kéier gewuess waren, dass se op der anerer Säit an d´Coussineten gestach hunn. Dat huet net nëmme gëeetert a geblutt, mä sécher och schrecklech wéi gedoen. Seng Leit, déi sech elo och emol erkläre konnten firwat et ëmmer esou komesch geklabbert huet, wann hatt iwwert den hëlze Parquet gehippt koum waren ausser sech. A si wäerten hiert Choupinette fir de Rescht vu sengem Liewen elo all dräi Méint emol weise kommen fir et ni méi esou an d´Laberente kommen ze loossen.

25-05-2021 Deierentipp - Romi Roth - Ursaach fir granzeg al Kaz