Et ass mëttlerweil e Klassiker aus den 80er. Entstanen ass en awer schonn an de 60er an e Revival krut en an de 70er.

12/06/2021 HitStory - TAINTED LOVE

Mat enger B-Säit huet 1964 alles ugefaangen. Déi fréier Backgroundsängerin vum Elvis Presley Gloria Jones krut den Titel vum amerikanesche Songwriter a Produzent Ed Cobb proposéiert fir als zweete Song vun hirer Single "My bad boy's coming home". U sech eng flott Motown-Soul-Nummer, déi awer séier nees vergiess war.    
Bis 1973 de britteschen DJ Richard Searling den Disk zoufälleg op enger Amerika-Rees an d'Fangere krut. U sech en ideale Song fir déi sougenannten "Northern-Soul"-Clubzeen, déi an de 70er Joren op der Insel an der Haaptsaach onbekannt amerikanesch Soulmusek erëm entdeckt huet an ëmmer nach besteet.
D'Gloria Jones krut dat natierlech mat an ass an England gaangen, fir hei weider un der Karriär ze schaffen. Als Backgroundsängerin vun der Glam Rock-Band "T.Rex" hat se séier eng Affär mam Sänger Marc Bolan, deen hir dunn och d'Iddi ginn huet "Tainted Love" eng zweete Kéier erauszebréngen. Dat war 1975.
E Welt-Hit war et ëmmer nach net, awer de Song vun der "verduerwener Léift" war mëttlerweil op béide Säite vum Atlantik net méi onbekannt. Et huet nach bis 1979 gedauert, wéi déi zwee Konschtstudenten Marc Almond an Dave Ball op den Titel opmierksam gi sinn. Almond a Ball waren den Duo "Soft Cell", deen no enger éischter Single "Memorabilia" op der Sich nom Duerchbroch war. Zesumme mat hirem Produzent Mike Thorne hu se "Tainted Love" nei opgeholl. Den Tempo vum Orginal gouf erausgeholl an déi klassesch Bléiser a Rhythmusgruppen hunn elo Synthesizer an Drumcomputer Plaz gemaach.
D'Lidd gouf an nëmmen 1 Dag opgeholl, an dem Marc Almond säin éischte Gesangstake war dee gudden.
Am Elan vun där grad aktueller Synthpop-Well an och duerch en Optrëtt an der Emissioun "Top of the Pops" konnt sech "Tainted Love" vu Soft Cell op d'Nummer 1 vun de britteschen Charts katapultéieren, an uschléissend och nach a 17 weidere Länner.
An den 2000'er gouf "Tainted Love" och gecovert, ë.a. 2001 vum Marilyn Manson
an 2006 am Rihanna sengem Hit "S.O.S.