Den RTL Reporter war an de "Backstage" vun der Loterie Nationale kucken. Wéi entsti Rubbeler, wéi gesäit Zukunft vun der Lotterie aus an am Kader vum 75. Anniversaire spille Kandidaten am Juli op der Tëlee ëm 500.000 Euro.

11/06/2021 Lotterie Nationale: 75 Joer Lotto zu Lëtzebuerg

D'Geschicht vum Lotto zu Lëtzebuerg geet zeréck bis den 2. Weltkrich. Am Joer 1945 koumen déi éischt Billjeeën eraus op deenen eng Nummer stoung. D'Iddi derhannert war fir de Leit nom Krich an de schwéieren Zäiten ze hëllefen. Et goufe Suen ze gewannen oder och Reesen. Den Tirage war an där Zäit just all 2. Woch. Fir Reklamm fir dës Lousen ze maachen, goufe Kënschtler engagéiert fir Plakater ze kreéieren. Esou wéi de Plakat ausgesinn huet, sou huet spéider och d'Lous ausgesinn.

RTL

De Rubbelbilljee wéi mer en hei zu Lëtzebuerg kennen, gëtt net hei am Land gedréckt. E gëtt awer hei entworf. A kreative Meetingen gëtt sech Gedanke gemaach, wat een neies an de Billjee stieche kann. Wéi e Spill-Prinzip soll oflafen a wéi de Schäin soll ausgesinn.
Pro Rubbeler gëtt et eng festgesate Zomm, déi dann ënnert der Serie vun de Lousen opgedeelt gëtt.
Reglement vum Spill gëtt direkt och e puermol gepréift. Et muss kloer sinn wat ee muss maachen fir ze gewannen. E Rubbel-Billjee leeft dann och iwwregens net séier of. Meeschtens kann ee säi Gewënn esou laang siche goen, wéi den Ticket am verkaf ass.

RTL

Fir déi 75 Joer, déi schonn hätte lescht Joer sollte geféiert ginn, gëtt et dann dëst Joer eng speziell Emissioun op der Tëlee. Net mam traditionelle Rad, ma mat engem Spill wat mat Wierfel gespillt gëtt. Finaliste goufe unhand vun engem Rubbelbilljee ermëttelt a kënne 500.000 Euro gewannen.