De Multipel Skleros-Dag ass all Joer den 30. Mee, deemno och nees dëse Sonndeg. Dës Krankheet, och ënnert MS oder op franséisch "Sclérose en plaques" bekannt, ass eng chronesch auto-immun Krankheet vum zentralen Nervesystem déi momentan nach net heelbar ass. Hei zu Lëtzebuerg ginn et tëscht 700 an 1000 Leit déi dovunner betraff sinn, dovunner 2 bis 3 mol méi Frae wéi Männer. Nicky Soisson.

28052021 Den 30 Mee ass Multipel Skleros Dag

Bei MS gräift eisen Immunsystem deen eis eigentlech géint d'Gefore vu bausse schütze soll op eemol d'Nervebunnen un a stéiert esou de Kontakt tëscht der Kommandozentral vum Kierper, also dem Gehier oder dem Réckemuerch, an dem Recht vum Kierper. Jee nodeems wou deen Ugrëff stattfënnt, kënnen d'Symptomer ganz ënnerschiddlech ausfalen, Anne Leurs, Direktrice vun MSL:

"Gefillsstéierungen, Péng, Problemer mat der Blos a mat der Verdauung, Sehstéierungen, Gläichgewiichtsstéierungen awer och kognitiv Problemer oder Wiesensverännerungen oder Depressiounen. Ganz heefeg ass och eng staark, anormal Middegkeet. Meeschtens evoluéiert d'Krankheet mat Schüben, dat heescht et kënnt ee Symptom méi staark ervir awer dat verschwënnt heiansdo vum selwen oder no enger Therapie mat Kortison zum Beispill. Wat dann awer méi dacks esou e Schub kënnt wat de Risiko, datt een en Handicap behält, méi grouss ass. All dës Symptomer si relativ wéineg spezifesch an dat bréngt dann och mat sech, dass et oft relativ laang dauert éier eng Diagnose ka gestallt ginn. Als Mëttel fir d'Diagnose baut een haaptsächlech op den IRM well do gesäit een nämlech déi Plaquen, also déi Vernarbunge vun de Lesioune un den Nervebunnen."

Wann een da bis d'Diagnose kritt huet, steet ee fir d'éischt mol zimmlech verzweiwelt an eleng do an do stellt sech dacks d'Fro u wien ee sech wende kann.

Hei zu Lëtzebuerg gëtt et eng Associatioun mam Numm MSL ënnert där d'Ligue luxembourgeoise de la sclérose en plaques an d'Fondation sclérose en plaques Luxembourg zesumme schaffen. D'Zil ass et fir MS Betraffener a n hier Familljen zu Lëtzebuerg ze informéieren, ze beroden an ze begleeden an dat an alle Phase vun der Krankheet.

"Et gesäit ee ganz oft, dass MS Kranker sou laang wéi méiglech probéieren hier Diagnose virun hirem Ëmfeld ze verstoppe well se Angscht virum Stigma hunn, Angscht als krank a behënnert Persoun net méi  dat Liewen kënnen ze liewe wat si geplangt haten. Dat bréngt awer och oft eng grouss Einsamkeet mat sech, e Gefill net verstanen ze ginn a sech permanent mussen ze rechtfäerdegen. Oft ass et, op déi aner Manéier, och schwiereg, am Ufank, fir mat anere Betraffene Kontakt opzehuelen, einfach well een Angscht konfrontéiert ze gi mat deem wat d'Krankheet nach alles ka mat sech bréngen. Leit déi dee Schratt awer bis gemaach hunn, déi verspieren awer oft eng grouss Erliichterung well se vis-à-vis vun aneren MS Patiente sech net musse rechtfäerdegen a well se ganz oft e ganzt grousst Versteesdemech vun hinnen erliewen."

De Multiple Sklerose Dag steet dëst Joer ënnert dem Motto "MS Connections". E Motto dat grad an dëser aktuell schwiereger Period an där déi sozial Kontakter ageschränkt sinn, eng grouss Bedeitung huet. Ma hei geet et net nëmmen ëm d'Relatiounen a Kontakter vun MS Betraffene mat hirem Ëmfeld mee och ëm de Kontakt mat sech selwer, sengem Kierper, sengem Erliewen a senge Gefiller.

"Bei MS ass et ganz wichteg op säi Kierper ze lauschteren a seng Bedürfnisser eescht ze huelen an och seng ganz ënnerschiddlech Gefiller vis-à-vis vun der Krankheet wouer ze huelen a kënnen auszedrécke fir d'Krankheet iergendwann kënnen als Deel vu sengem Liewen ze akzeptéieren.

Telefonsnummer fir weider Informatiounen:  2661 0556
Emailadress: info@msl.lu