Mir sinn haut an enger grousser Bakstuff op Besuch, bei der Panelux zu Mensder, wou mer de Moie schonn en Abléck an d'Bréiderchers-Produktioun kruten, scho Bûchë gemaach hunn, an elo ass d'Michèle da bei de Léiermeedercher a Bouwen, fir ze kucken op se och alles richteg maachen.

02/07/2021 Panelux: D'Ausbildung vum Bäcker Patissier
RTL

© miSchons

Fir d'Léier als Bäcker Patissier gëtt mat der Schoul zesumme geschafft, wou all Mount erkläert gëtt, wat um Programm steet. Hei ass e gewëssene Programm ze respektéieren. Dat geet vun der Eclair, iwwer d'Glace, d'Mousse, bis bei de Biscuit. Bei der Panelux ginn all Joer bis 5 Léierplaze garantéiert. De Beruff ass eng Passioun, och fir de Manager vun der Patisserie, de Philippe Rolet, dee fir d'Léierplazen zoustänneg ass.

RTL

© miSchons

Och als Bäcker Patissier bleift een net mat der Zäit stoen, ma muss sech weider entwéckelen. Dofir muss een sech och dacks deplacéieren, fir speziell Formatiounen a Stagen ze maachen, nei Saachen z'entdecken a mat der Zäit matzegoen. An als Erwuessenen ass et ni ze spéit fir de Beruff ze léieren, hei kann een en Apprentissage Adulte maachen an säin Diplom nohuelen.

RTL

© miSchons