Obwuel vun e Sonnden un, wann dat neit Gesetz da gestëmmt gëtt, méi grouss Evenementer ënner "normale" Konditioune kéinten organiséiert ginn, huet ee sech fir d'Fête de la musique fir en anert Konzept decidéiert. Amplaz sech op den 21. Juni ze konzentréieren, gouf d'Fest vun der Musek op 10 Deeg gezunn, mam Depart haut. An deem Kader stelle mir iech déi nächst 10 Deeg all Dag eng Persoun aus der Lëtzebuerger Musekszeen vir, ugefaange mam Claire Parsons.

11/06/2021 Fête de la musique: Claire Parsons

D'Claire Parsons Live erliewe geet scho muer den Owend am Kader vun de Garden Sounds zu Wolz. An der Grupp Don Piano spillt d'Claire um Synthesizer a séngt och mat, de Concert fänkt um 19:00 un.