Fête de la musique: Dag 6. Och haut gëtt et rëm e klengen Abléck hannert d’Kulisse vun engem Lëtzebuerger Museker. Dës Kéier: den Thomas Roland, deen zanter läschtem Joer eis lokal Museksszeen opmëscht an zwar mat gefillvollem Hip Hop op Lëtzebuergesch.

16/06/2021 Fête de la musique: Maale Gars

Sou huet alles ugefaangen. Enn Januar 2020 hat den Thomas Roland ënnert deem interessante Kënschtlernumm Maale Gars säin éischt Lidd erausbruecht. Zu deem Moment war hien awer net méi grad en neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Musekszeen. Befiert e Solo gaangen ass, war hien nämlech dräi Joer Deel vun der Indie Band Epicure.
Als Maale Gars huet den Thomas dunn awer decidéiert e bëssen eng aner Richtung anzeschloen. Sou huet dann niewent dem Musek-Genre och d’Sprooch direkt mol geännert, a séngt zanterhier op Lëtzebuergesch. Iwwer dat lescht Joer huet en eng ganz Rëtsch Singelen a souguer en Album rausbruecht. An och viru Kollaboratiounen huet hien net zeréckgeschreckt. Déi rezentste war mam Lëtzebuerger Rapper Turnup Tun an heescht "Alles Versicht".


Vue dass de Maale Gars awer réischt matzen an der Pandemie ugefaangen huet Lidder rauszebréngen, hat hie bis elo nach net wierklech d’Chance live opzetrieden. Dat soll sech dann awer an Zukunft änneren.