Hausdéieren bréngen d'Distraktioun ass de Stot. An zemol Kanéngercher sinn en treien Frënd. Et brauch ee Moies net schonn fréi mat hinnen eraus, se sinn propper an esou schéin ze stréilen.
Den Emil, ass e kastréierten Zwergkanéngerchersbock, an war mat aacht Joer op eemol net méi propper. Bis viru kuerzem hat dat butzegt Déierchen vun der grad esou vitaler Rass Teutoburger seng kleng a grouss Geschäfter schéi propper an eng Streekëscht deponéiert, Romi Roth.

03/06/2021 Déierentipp: Kanéngercherslähme

Zanter e puer Deeg waren d´ Bëmmelcher a Miselcher elo awer iwwerall verdeelt. Wéi den Emil sech dunn och mam hënneschte Kierperdeel nëmme méi wackeleg virun beweegt huet an heiansdo carrement ëmgefall ass, hu seng Leit hien séier an d´Praxis bruecht. Beim Laftest um Buedem vun der Consultatioun huet déi kleng Kanéngchen sech nach just wéi e Phoque mat de viischte Beenercher virugezunn. Déi hënnescht Patte louchen wéi flaatscheg Flossen no hannen an hu net méi gewibbelt.

02-06-2021 Déierentipp - Romi Roth Kanéngercherslähme

Den Emil hat Kanéngercherslähme. Déi leider guer net esou rar Krankheet kënnt meeschtens no engem Accident oder Bandscheiwevirfall. Vergëftungen, Parasitten a Problemer wéinst ze mann Vitamin D wa se ze däischter gehale sinn, sinn och méiglech Ursaache fir déi Paralyse.

Awer wéi kann een dat bei esou engem klengen a jo sécher och net ganz kooperativen Déierchen dann erausfannen?

Beim Emil louch d´Ursaach awer op der Hand. Wéinst sengem neie Käfeggesell, engem geckege jonken Bock, hat de queeschen, ale Pätter stonnelaang rose mat den hënneschte Patten esou ferm op de Buedem vun hirer Behausung gefacht, dass et uechtert d´ganzt Haus ze héiere war. Op déi Force sinn d´Nerven vum hënneschten Laf ganz daf ginn an hunn de Muskelen keng Impulser méi weider ginn. Nieft enger Therapie mat B-Vitaminen, allgemenge Medikamenter fir d'Stäerkung, Antibiotika an e bësse Kortison gouf fir e puer Deeg nach observéiert, op den Emil vum selwen seng Miselcher a Bëmmelcher evakuéiere kéint. An nodeems hien fir eng Woch och e puermol den Dag doheem nach douce masséiert gouf, kann hien erëm bal wéi virdrun op alle 4 Pättercher lafen.

02-06-2021 Déierentipp - Romi Roth - Ursaachen vu Kanénengercherslähme