D´Pëppi, eng schéin, ganz heemlech Tigerkaz war ëm fënnef Joer al, wéi si fir d´éischt an d´Praxis vum Romi Roth bruecht gouf. An och dunn nëmmen fir hir Pabeieren an d´Rei ze bréngen well hier Famill  an d´Frankräich plënnere sollt. Virun e puer Joer war d´Pëppi de Leit zougelaf. Dat schéint jonkt Déier souz enges Daags virun hirer Dier a wollt net méi fort. Well hatt sech direkt un de Stot ugepasst an all Mënsch mat sengem Charme ëm de Fanger gewéckelt huet, gouf hatt et ouni laang Fisematenten einfach adoptéiert.

Elo brauch een awer, och fir eng Kaz mat an d´Frankräich oder en anert Europäescht Land ze huelen, en Europäeschen Impf- a Reespass. Mat enger Tollwutimpfung, déi op d´mannst dräi Wochen an net méi wéi dräi Joer al ass. A fir d´kloer Identifikatioun vum Déier, dat bei de Pass gehéiert, logescherweis och en elektroneschen Chip. Wéinst der Pëppi hirer méi spezieller Virgeschicht, hu mir léiwer emol mat eisem elektronesche Liesapparat kontrolléiert, op d´Déier net vläicht schonn esou een Identitéitsdéngelchen anzwousch sëtzen hätt.

08-06-2021 Déierentipp Romi Roth - Identiteitschip fir Kazen

Oh jee, an elo kënnt et.

Ënnert der Haut iwwert dem Mody sengem lénkse Schëllerblat war schonn een Chip. Deen en plus agedroe, also enregistréiert war. Dat heescht, wéi mir op der Websäit vun ID Chips ënnert der laanger Chipnummer nogekuckt hunn, war eenzock Numm, Adress an Telefonsnummer vum Pëppi, alias deemools nach Mody, senger fréierer an domat rechtméisseger Proprietärin ze fannen. Ëm Pëppi seng nei Leit, natierlech ganz verdaddert, hunn där Damm dunn direkt  ugeruff. A glécklecherweis war déi ganz léif, hat an der laanger Tëschenzäit och schonn eng nei Kaz an hirem Liewen a wollt dowéinst a virun allem well d´Pëppi sech seng nei Leit jo och selwer ausgesicht hat, hinnen d´Miiss dunn och loossen.

08-06-2021 Déierentipp Romi Roth - chippen

D´Léier vun där Geschicht ass natierlech, fir d´éischt emol all Déier engem Déierendokter virzestellen. Och Kazen, déi net mat verreesen, musse gechippt genee esou ewéi d'Hënn. A wann een en Déier fënnt oder et engem zougelaf ass, sollt den éischte Wee bei e Veterinär sinn, deen mat engem spezielle "Reader" no sengem Chip siche kann.