Mat engem ëmgebaute, knallgiele Knätschgummiautomat zu Dortmund huet alles ugefaangen. Do ass nämlech virun annerhallwem Joer deen alleréischte Beiefudderautomat mat Sommëschungen a Blummenzwiwwelen opgeriicht ginn. But vun der Aktioun ass et fir méi Nahrung a Form vu Blummen fir d'Beien an d'Gemengen ze bréngen.

08/06/2021 Beiefudder aus dem Automat

Deen éischte Beiefudderautomat hat deemools och groussen Uklang an der Presse, der Tele an de soziale Medie fonnt an zanter Ugangs lescht Joer ginn et méi där Automaten elo an Däitschland.

D'Automate gi vum Sebastian Everding an Handaarbecht aus gebrauchten Deeler upgecycelt an an der Kooperatioun ass genee esou d'Bienenretter Manufaktur déi d'Wuer mam Som liwwert, an och de Beieretter Projet vun der FINE, dem Frankfurter Institut fir nohalteg Entwécklung. En Deel vun de Recette geet iwwregens an de Bildungs an Ökölogiedéngscht vun deene Projete fir d'Beien ze retten.

RTL

© pixabay

Entretemps ass e ganzt Netzwierk entstanen an d'Iddi geet effektiv weider, an et ass och en immenst gutt Beispill wéi ee mat eegenem Engagement e Stéck nohalteg Entwécklung mat Spaass an op eng amüsant Aart a Weis a säin Entourage brénge kann. Veräiner, Initiativen, Firmen, oder och Privatpersoune kënnen sech deemno och un d'Netzwierk uschléissen an an hirer Noperschafft eppes maachen andeems se esou en Automat bestellen an opriichten.

Där Automate ginn et leider nach keng bei eis, an och d'Gäert sinn dacks esou gestallt, dass se éischter schéi fir d'A sinn, also op Ästhetik ausgeluecht, wat awer net onbedéngt fir d'Insekten an d'Beien interessant ass.

Ouni Beien hu mer iergendwann net just keng Blumme méi, ma och keen Uebst a kee Geméis méi, a well d'Liewensraim an d'Naarungsoffer fir d'Beien ëmmer méi kleng ginn, soll ee, wann ee schonn e Gaart doheem huet, duerchaus Eppes maachen, mat Beiefrëndleche Planzen, an och kleng Eckelcher mat alem Holz oder e bësse Leem, wou se kënnen hir Nistplaze fannen an och bauen. Fir de Beien déi richteg Naarungsoffer ze ginn, sollten och déi verschidde Bléizäite respektéiert ginn. D'Planze sollen esou ugeluecht ginn, dass tëscht Mäerz an Oktober ëmmer Eppes blitt, well soss keng Weed méi do ass fir d'Beien.

RTL

© pixabay

Där Blummemëschunge ginn et och iwwerall ze kafen, oder déi kann een och online bestellen an dann ass et och wäertvoll fir zum Beispill e Beienhotel opzehänken, oder dee mat senge Kanner selwer ze bastelen.

RTL

© pixabay