D'Betti huet ganz schéi Blieder u sengen Haren, well hat gutt oppasst fir keen Offall ze maachen. De Litti, op där anerer Säit, huet seng Blieder un den Hare verluer, well hie säi Gaart a seng Ëmwelt verknascht. Esou gesäit een dat um Cover vum Null-Offall Buch, wat elo op Initiative vum Sica erauskoum. D'Michèle Schons huet sech et ugekuckt:  

09/06/2021 Mäin éischt Null-Offallbuch

Dat neit lëtzebuergescht Buch dréit ronderëm d'Thema wéi een Offall kann a Ressourcen ëmwandelen oder och ganz vermeiden, mam Titel "Mäin éischt Null Offallbuch".

D‘Buch zielt d’Geschicht vum „Litti“, dee guer net op seng Ëmwelt oppasst a säin Offall egal wouhi gehäit. Mat Hëllef vu senger Nopesch, dem „Betti“, léiert hie lues a lues wéi een nees am Aklang mat der Natur lieft, wat een alles aus Offall maache kann, respektiv wéi e säin Offall ka vermeiden.

Op sengem Wee léiert de Litti wéi een den Offall richteg trennt, wou een e soll hi bréngen, a wat dann aus deenen eenzelen Offäll ka gemaach ginn. Hie mierkt dann och wéi vill besser et him geet wann hie sech gutt ëm seng Ëmwelt këmmert.

D'Buch weist einfach, ouni vill Texter, bildlech a spilleresch wéi een d'Offallproblematik an eiser Gesellschaft kann ugoen – esouwuel als Kand wéi och als Erwuessenen. Illustréiert gouf et vum "Medakovic Drazen" a geprint vun der Associatioun Autisme Luxembourg ASBL.

Matgewierkt um Buch hunn:

    Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL)
    Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung (MECDD)
    Ëmweltverwaltung
    Superdreckskëscht (SDK)
    Offallsyndikater SICA a SIDEC