Mat den Temperaturen déi nees klammen, kënnt och d'Loscht op d'Grillen nees bei ville Leit op. Kuerzerhand gëtt d'Kichen no bausse verlagert an de Barbecue déi nei Kachplack. Ma fir dee richtege Grillspaass brauch een ausser guddem Fësch, Fleesch oder Geméis net vill. An awer kann deen een oder aneren Tipp grad manner erfuerene Grillmeeschter hëllefe sech wéi e Profi duerchzeschloen. Nicky Soisson.

09/06/2021 E puer Tipps fir äre Grill

Wann d'Kuele bis am Grill leien, dann heescht et als 1. mol dat Feier un ze kréien, e Geste bei deem deen een oder anere well verzweiwele kann.
Dofir ginn et sou praktesch Grillunzünder. Huet awer elo net onbedéngt jiddereen ënnert der Hand. Ma eng Handvoll Chipsen déi een einfach an d'Kuele leet, soll d'Saach och maachen. Duerch hire groussen Undeel u Fett entwéckelen dës eng grouss Hëtzt mat där een an der Nout och Kuelen un d'Glouse kritt.
Alternativ kann een et och mat engem Eeërkartong probéieren. Einfach e puer Kuelen, Holzwoll oder Wues, doranner fëllen, zoumaachen an op déi aner Kuelen am Grill sëtzen an dat Ganzt dann ufänken. Finito!

Wann dat Feier da bis brennt, dann heescht et déi richteg Temperatur ze erreeche fir dass Fësch, Fleesch oder Geméis och direkt anstänneg ugebroode ginn aplaz ze kachen.
Do awer am beschten net d'Hand direkt op de Grill leeën, dat kéint nawell wéi doen. Eng 15 Zentimeter driwwer gi well duer. Dobäi da "Mississippi" soen. Wat een dat Wuert méi dacks soe kann éier ee seng Hand ewech zéie muss, wat de Grill méi kal ass. Schéngt logesch! Ma den Trick dobäi: 4 bis 5 Mississippie bedeiten 200 bis 300 Grad, 8 bis 10 nëmmen 120 bis 150 Grad.

Gromperen an Zwiwwele fannen hier Plaz iwwregens net nëmmen um Grill, dës kënnen och benotzt gi fir dass Fleesch wéi Dinde oder Poulet net kliewe bleift. Einfach de Grill mat enger hallwer Gromper oder Zwiwwel virdrun areiwen. A wien Angscht huet, dass säi Fësch um Rascht peche bleift dee soll Orangen oder Zitrounen a Scheiwe schneiden, de Fësch drop leeën a mam zouenen Deckel 10 bis 12 Minutte grille loossen.

D'Aen iesse jo bekanntlech mat an dat gëllt natierlech och beim Barbecue. Wien huet scho Loscht op e Stéck hallef réit Fleesch oder op eng verkuelte Wurscht?
Bausse schwaarz a banne kal - genee dat geschitt mat der Grillwurscht wa se direkt iwwert de Kuele gegrillt gëtt. Besser ass hei de Barbecue an 2 Zonen opzedeelen, dat heescht: d'Kuel nëmmen an 1 Hallschent vum Grill ginn. D'Wurscht fir 10 bis 12 Minutten an der indirekter Zone, also där Hallschent ouni Kuel, zéie loosse bis se waarm ass a réischt dono an déi aner Zone leeë wou se da richteg schéi brong gegrillt ginn.

A beim Steak geet dach näischt iwwert sou e schéint Grillmuster. Erënnere mer nach eng Kéier un déi 4 bis 5 Mississippien. Klappt dat ouni dass d'Hand Iech well ofgebrannt ass, da kënnt Dir de Steak genee dann op dee waarme Grill leeën an do fir 90 Sekonne brode loossen. Dono net direkt dréinen mee dat gutt Stéck Fleesch op enger anerer Plaz ëm 45 Grad dréinen an do nach weider 90 Sekonne brutschele loossen. Réischt dono gëtt gedréint an dat Ganzt widderholl. Hutt Dir dat mat Succès hannert Iech bruecht, da leet de Kascht e bëssi op d'Säit vum Grill wou en da ka weiderkache bis en déi gewënschte Bannentemperatur huet.

A wann Dir keng Zäit hat d'Grillgeméis oder d'Fleesch ze marinéieren, da probéiert einfach mol dat geschniddent Geméis an d'Fleeschstécker op Rosmarinäscht ze spiissen, dat gët deem ganzen nawell e gudde Goût.