E Weekend voll flott Iddien, Diskussiounen, neit Wëssen an Ateliere fir eng méi gerecht, inklusiv an nohalteg Gesellschaft. Dat ass de Motto vun den „Transition Days“ déi all zwee Joer vum CELL organiséiert ginn an dëse Weekend ass et nees esou wäit, Michèle Schons?

10062021 Transition Days

CELL, den Center for ecological learning ass Deel vun der globaler Transitiouns Beweegung a schafft u gemeinsame Léisunge fir eng méi Nohalteg Zukunft ze schafen. Dëst Joer fënnt de Festival am Carré zu Hollerech statt. D’Equipe vun den „Transition Days“ huet sech dëst Joer missten der Situatioun upassen an huet wärend de leschte 9 Méint am Kader vum Festival eng Serie vu virtuellen Eventer organiséiert, mam Zil  Léisungen ze fannen ewéi mir op eng méi Resilient, Gerecht a Verantwortungsvoll Gesellschaft kënnen iwwergoen.

Um Programm sti spannend Presentatiounen, Diskussiounen, „Do-it-yourself“-Atelieren, eng Filmvirstellung, Concerten,  Konschtatelieren,  souwéi  d'Chance  nei  Leit  kennen  ze  léieren,  Iddien  ze  deelen  an  zukünfteg Projeten ze gestalten.

Um Festival gëtt et och eng interaktiv theatralesch Konferenz „A nos choix“ di eis zum denken ureege wäert esou ewéi och Crash Coursen iwwert Kompost, Wëllplanzen, nohalteg Digitalisatioun, Beweegung a Wuelbefannen a villes méi.

D’Visiteure wäerte kënnen nei an innovativ Iddien entdecken, nei Synergien hierstellen awer sech och inspiréiere loosse fir sech selwer a lokalen Initiativen z'engagéieren.