An de Summerméint geet dach näischt iwwert dee gudde Geroch vu frësch Gegrilltem! E flotte Moment zesummen op der Terrass mat engem gudden Apero an da gëtt de Barbecue ugehäit a sech sou richteg gutt mat Fleesch, Fësch a Geméis gegäisselt! Ma dono geet dann dee lästegen Deel vum Grillen un...well dann heescht et rëm alles propper ze kréie fir déi nächste Kéier. Leider ass dat net ëmmer dat feinst well wie kennt et net, dat Geschrupps a Gedeessems fir déi ugebaken Iessensrescht nees lass ze kréien. Mat e puer Tipps kann dat awer méi liicht vun der Hand goen. 

09/06/2021 Tipps fir de Grill méi liicht propper ze kréien

An de Summerméint geet dach näischt iwwert dee gudde Geroch vu frësch Gegrilltem! E flotte Moment zesummen op der Terrass mat engem gudden Apero an da gëtt de Barbecue ugehäit a sech sou richteg gutt mat Fleesch, Fësch a Geméis gegäisselt! Ma dono geet dann dee lästegen Deel vum Grillen un...well dann heescht et rëm alles propper ze kréie fir déi nächste Kéier. Leider ass dat net ëmmer dat feinst well wie kennt et net, dat Geschrupps a Gedeessems fir déi ugebaken Iessensrescht nees lass ze kréien. Mat e puer Tipps kann dat awer méi liicht vun der Hand goen.

Deen ee mécht et spéitstens den Dag dono, deen anere waart einfach bis déi nächste Kéier wou de Barbecue ugeschmass gëtt. Méi liicht geet et awer och doduerch net onbedéngt an d'Experten am Grille rode kloer dovunner of et esou wäit kommen ze loossen, et sief dann et sicht ee bewosst no Beschäftegung.

Am einfachste léist sech de Grill botzen andeems e guer net sou knaschteg gëtt. Tiens, wien hätt dat geduecht?

A wéi maachen ech dat am Beschten? Ma virum Grille sollen een dësen am Beschte mat e bëssi verdaulechem Ueleg areiwe fir dass sech net all ze vill Iessensreschter festbaken. Mee opgepasst: de Grill net komplett an Ueleg andauche well soss drëpst dëst dono an d'Glous a fänkt Feier. Ma och mat dësem Tipp bleift natierlech net alles schéi propper an esou ganz ëm d'Botze kënnt ee leider net. Ma gutt, dass et Internet gëtt! An diversen Haushalts- a Grillforen fënnt een nämlech hei ënnerschiddlech Tipps wéi een de Grill sou wéi d'Accessoire propper kritt.

Vill Leit setzen op d'Zeitungspabeier well mat dësem léist sech de Grill nämlech liicht botzen. Soubal en ofgekillt ass, sollt en an Zeitung agewéckelt ginn an dann heescht et Waasser driwwer. Dat Ganzt léist een dann nach iwwer Nuecht aweechen an, tadaaa, deen nächsten Dag bleift de Gros vum Dreck un der Zeitung hänken a kann entsuergt ginn. Dat wat dann nach iwwreg bleift kann een einfach mat enger Lomp ewech maachen. Alternativ kann een de Grill awer och an d'Gras leeën. Fiichtegkeet a Morgentau hëllefe beim Aweechen, sou dass Rechter ouni grousse Kraaftopwand ewech gebotzt kënne ginn.

Aweechen ass souwisou nawell zimmlech beléift. Op der Internetsäit "frag-mutti.de" fënnt een eng ganz Partie Rotschléi. Dorënner ënnert anerem deen, dass een de Grill iwwer Nuecht, zesumme mat engem Téiläffel Polver fir d'Spullmaschinn, an eng Plastikstut stécht. Falls dat Ugebranntent well immens dréchen an haart ass, da mécht een einfach nach e bëssi Waasser dobäi. Oder hei: einfach Botzmëttel fir de Schäffche benotzen oder de Grill zesumme mat Waasser a Wäschpolver an d'Bidden tässelen.

Da gëtt et awer och nach déi Fraktioun, déi op Hëllefsmëttel wéi Kaffeesaz, Bakpolver oder engem fiichte Schwamp mat Äsche schwiere fir sech stonnelaangt Schruppen ze erspueren. Dës 2 Methode sollen effektiv zimmlech effikass sinn. Genee sou wéi zesummegewéckelt Alufolie.

Ma ganz gemittlech Grillmeeschter loosse léiwer anerer fir sech schaffen. Wann een no beim Bësch wunnt oder e grousse Gaart huet, da kann een de Grill och einfach an d'Géigend vun engem Seechomessekoup leeën. Déi fläisseg Déiercher zerwéiere sech dann iwwer Nuecht un de festgepechten Iessensreschter an domat wier de Gros den Dag drop dann och fort.

Déi nächst Deeg soll et jo och nach weiderhi richtegt Grillwieder ginn, also perfekt fir déi puer Tipps direkt mol auszeprobéieren!